| |||
Den
‚American Dream' ass fir ganz vill Leit nët méi wéi
eng Loftblos. E Grapp voll Individualisten packt et zwar effektiv ënnert
di räich a schéin matt enger gudder Iddi an Ausdauer, mee et muss
een agesinn dass esou Réussiten éischter d'Ausnahm sinn.
Esou
ass et och nët verwonnerlech dass verschidde Leit opp ëmmer
méi komesch Iddie kommen fir dat grousst Geld ze maachen. Di neisten
Entdeckung ass den éischten Internet-Clochard. Säi Numm ass Mike,
an am richtege Liewen ass et him bis ewell nët gutt ergaangen. Vu
fréier Kandheet unn war en e begeeschterte Muséker, kennt
sëch och extrem gutt matt Computer aus, mee weder mam Hobby nach am Beruff
konnt en seng Dreem erfëllen. E souz eng Zäitchen ouni Aarbecht opp
der Strooss, huet zimmlëch vill Scholde gemaach, an huet dunn zum
läschte Mëttel gegraff: heesche goen. Opp sënger eegener
Homepage rifft de Mann vu Miami d'Internet-Kommunautéit dozou opp himm
finanziell ënnert d'Ärm ze gräifen. Seng Theorie ass: wa
jiddereen him eng kleng Somme iwwerweist, a wann et och nëmmen een
eenzegen Dollar ass, kéint hien am Endeffekt säi Misär
iwwerwannen an deemno wéi esouguer räich ginn.
Seng
Argumenter si guer nët esou schlecht : een Dollar respektiv Euro dee
mer spenden deet kengem vun eis selwer wéi. De Mike leet den Accent och
gären opp seng nët all ze roseg Vergaangenheet, no där hien eng
agreabel Zukunft verdingt hätt, seet hien. Matt bis ewell iwwer 11000
Visiteuren kéint ee mengen dass de Mike schon e puer Mënz gesammelt
hätt. Allerdengs sin déi 60.04 Dollar déi opp sengem Compte
stinn nach nët iwwerzeegend. E wëll d'Millioun, an opp en déi
effektiv erreecht wärt sëch matt der Zäit weisen.
Wann
der iwregens nët einfach esou sënnlos Suen wëllt iwwerweisen,
huet de Mike als Merci och e puer Gadget'en parat, déi ee kaafe kann.
Vum T-Shirt iwwert d'Kaffistaass bis bei de Boxershort ass alles dobäi. A
wann der nach zëcke sollt, da kuckt iech d'Löscht matt de Saachen unn
déi de Mike sëch matt der Millioun wëll leeschten. Den deieren
Auto ass hei genee esou e ‚must' wéi en Appartement bei der Plage.
| |||
| |||
| 14/05/2003 |