| |||
Haut
interesséiere mer eis fir eng Publicitéits-Iddi déi
wierklech gelongen ass. Wéi mécht een am beschte Reklamm fir eng
Firma déi Sécherheet um Netz verkeeft ? Majo, mat engem witzegen
an originelle Spill-Konzept dee beweist dass de Betrib net nëmmen Ahnung
vum Métier huet, mee dat Ganzt net zevill enk gesäit.
Dëst
geschitt unhand vum ‚Virus-Quartett'. Et ass e Kaarten-Spill dat et an
all méiglechen Ausféierunge mat Autoen, Fligeren oder
Schëffer scho jorelaang gëtt a woumat scho Generatiounen a
Generatiounen an de Schoul-Pausen hir Zäit verbruecht hunn. Et huet een op
all Kaart en anere Virus bei deem all kéier e kuerzen Erklärungssaz
iwwert seng Auswierkungen op de Computersystem steet an donieft och eenzel
Charakteristike wéi Gréisst, Entdeckung, Distributioun a Schued.
De Prinzip ass einfach: et spillt ee géingt de Computer, an zwar Kaart
fir Kaart. Als User wielt een einfach bei all Virus d'Charakteristik aus mat
där ee géingt de Géigner wëll untrieden. Huet een da
méi e geféierleche Virus oder een dee méi grouss ass,
gewënnt een. Ass de Virus schonn zevill aal oder net schiedlech genuch,
verléiert een.
Den
‚Virus-Quartett' ass eng reng Publicitéits-Iddi. E war extra fir
d'B2D zu Gelsenkirchen, also eng ‚Fach-Messe' wéi se an
Däitschland soen, entwéckelt ginn, an ass elo fir de ‚Grand
Public' um Site ‚Virusquartett.de' accessibel. D'Illustratioune si vum Jo
Zimmermann.
| |||
| |||
| 15/06/2004 |