SchoulrentréeAktuell si 87% vun allen Enseignantë komplett geimpft

RTL Lëtzebuerg
D'Rentrée an de Schoulen annoncéiert sech; duerfir gëtt aktuell och am Ministère zesumme mat allen Acteuren un engem sanitäre Konzept geschafft.

Dat soll den nächste Mëttwoch vun der Regierung ofgeseent ginn.

Aktuell si 87% vun allen Enseignantë komplett geimpft - dee Chiffer confirméiert den Educatiounsminister Claude Meisch RTL géintiwwer.

Weider heescht et, datt och all zweete Jonken, dee méi al wéi 12 Joer ass, en Anti-Corona-Vaccin gesprëtzt krut.

Dem Minister no gëtt och déi nächst Wochen an engem kollektiven Effort weider geimpft. D’Zil wier eng maximal-sécher Rentrée an zwou Wochen.

Ugangs d’nächst Woch sinn iwwerdeems nach weider Konsultatiounsgespréicher tëscht de Responsabelen aus der Santé mat alle Schoulpartner, fir dat sanitäert Konzept an de Schoulen definitiv ze finaliséieren.

Den aktuelle Stufemodell wäert deemno bäibehale ginn - zu engem allgemenge CovidCheck-Regime wäert et net kommen. Wann et awer Infektioune bannent engem schoulesche Grupp, also enger Klass gëtt, kann de Regime natierlech da punktuell applizéiert ginn.

Dat haten d’Ministere Lenert a Meisch op eng urgent parlamentaresch Fro vun der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen geäntwert.

Et hätt een zesummen mat der Direction de la Santé ofgemaach, fir bis de 27. August ze waarden, fir eng Propos fir eventuell Adoptiounen vum sanitäre Konzept an der Schoul virzeleeën Dat fir ze garantéieren, datt d’Virschrëften dem aktuelle Kontext och Rechnung droen. Deemno wier et nach ze fréi fir ze decidéieren, wéi déi adequat Mesuren no Allerhellegen ausgesinn.

Back to Top
CIM LOGO