De Yoann Bourgeois ass e franséischen Akrobat, Choreograph a Regisseur. Hien huet seng Talenter matenee verbonne fir e Spektakel.

A senger Show dëse Samschden an der Rockhal bleift dann och näischt a kee riicht stoen.

De Spektakel “Scala” gouf am September 2018 fir d’Aweiung vum Paräisser Theater “La Scala” kreéiert a verbënnt Zirkus, Danz, a Theater. Nom grousse Succès vun der Show ass de Yoann Bourgeois zesumme mat sengen Dänzer a sengem Team duerch ganz Frankräich op Tour gaangen. Den Theater Esch huet sech mat der Rockhal zesummegedoen, fir déi eenzegaarteg Show op Lëtzebuerg ze bréngen.

Insgesamt sinn 8 Dänzer op der Bün a kreéieren duerch hir akrobatesch Beweegungen eng surreal Atmosphär. D‘Dänzer hunn intensiv un der Choreographie mam Yoann Bourgeois geschafft

D'Geschicht handelt em en desorientéierte Personnage, deen u sengem Ëmfeld zweiwelt, a sech net bewosst ass, ob en doheem ass, op enger Bün steet oder sech an engem Dram verluer huet.

Dobäi spillt den Dekor eng aktiv Roll an der Geschicht, wou Zäit a Schwéierkraaft suspendéiert ginn. Miwwele briechen zesummen a baue sech vum selwe rëm op.

Scala – eng eenzegaarteg Performance, déi een sech net entgoe loosse soll. Wien interesséiert ass fir d‘Konzept vun der Zäit a vun der Schwéierkraaft fir ee Moment ze vergiessen, dee kann sech de Spektakel um Samschdeg um 13 Auer an um 19 Auer an der Rockhal ukucken.