
Als eng vun de wéinege Fantasy-Serien, déi net op engem Buch baséiert, spillt “Carnival Row” an enger Welt, an där Feeën an aner mythesch Wiesen am Krich si mat de Mënschen, déi an hir Gebidder afalen. D‘Vignette Stonemoss, eng Zaldotin vun de Feeën, flücht an de “Burgue”, eng neutral Zon, a fënnt do eng Aarbechtsplaz als Mod an engem räiche mënschleche Stot.
Wéi si eng Kéier an d’”Carnival Row” geet, de Flüchtlingsquartier vum „Burgue“, erzielt hir gutt Frëndin Tourmaline hir, dat de Philo, hir grouss Léift, net wéi si gemengt hat, am Krich gestuerwen ass, mä nach lieft. Hie schafft als Detektiv fir d’Police am “Burgue”, wou en am Gaang ass, eng Serie vu Morden opzeklären.
Den Universum vun der Serie ass mat vill Léift zum Detail gemaach an d’Kostümer an d’Spezialeffekter sinn en opulenten Hannergrond fir eng Geschicht, déi anengems Libesgeschicht, Krimi an politesch Intrige ass.
D’Parallellen zu der Flüchtlingskris sinn heiansdo e bëssen deck opgedroen, den Orlando Bloom spillt säi Philo e bëssen dréchen, iwwerdeems d’Cara Delevigne heiansdo ze vill iwwerdreift, mä am grousse ganzen sinn d’Personnagen interessant genuch, fir ee bis un d’Enn vun den aacht Episoden dobäizehalen.
Carnival Row ass disponibel op Amazon.
Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op Netflix
Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon
Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix
Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix
Deel 4: Spinning Out op Netflix
Deel 5: Home for Christmas op Netflix
Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix
Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon
Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix