Eclat wéinst Ranking vum Rolling Stone MagazineCéline Dion packt et net op d'Lëscht vun de beschte Sänger a Sängerinnen

RTL Lëtzebuerg
D'Selektioun vum berüümte Museksmagasinn fir d'Joer 2022 kënnt net iwwerall gutt un.
© AFP

Zanter 2008 publizéiert den amerikanesche Musek-Magasinn “Rolling Stone” schonn eng Lëscht mat de beschte Sängerinnen a Sänger. An de soziale Medien, virop op Twitter, ass de rezentste Ranking elo allerdéngs lieweg diskutéiert ginn. Thema war dobäi net just, wien et an d’Lëscht vun den 200 beschte Vokaliste gepackt huet, mee och, wien drop gefeelt huet.

An den Top-Ten fanne sech virun allem Sänger a Sängerinnen aus de Genre Soul an R&B, wéi zum Beispill d’Aretha Franklin (1.), d’Whitney Houston (2.) an de Sam Cooke (3.).

Wéi de Magasinn schreift, ass de Ranking, dee vu Mataarbechter an Contributeuren zesummegestallt ginn ass, op Krittäre wéi “Originalitéit, Influenz, d’Gréisst vum Katalog vum Artist an dem musikalesche Vermächtis” baséiert.

Virop Fans vun der kanadescher Ausname-Sängerin Céline Dion reege sech allerdéngs am Netz doriwwer op, datt si et net emol op d’Lëscht gepackt huet.

D’Céline Dion ass dobäi allerdéngs a gudder Gesellschaft. Och d’Barbara Streisand, d’Cher, d’Diana Ross, d’Dionne Warwick an d’Madonna fanne sech am Ranking net erëm.

Hei sinn d’Top 20 vun den 200 beschte Sängerinnen a Sänger, wéi de Rolling Stone se erausgesicht huet:

  1. Aretha Franklin
  2. Whitney Houston
  3. Sam Cooke
  4. Billie Holiday
  5. Mariah Carey
  6. Ray Charles
  7. Stevie Wonder
  8. Beyoncé
  9. Otis Redding
  10. Al Green
  11. Little Richard
  12. John Lennon
  13. Patsy Cline
  14. Freddie Mercury
  15. Bob Dylan
  16. Prince
  17. Elvis Presley
  18. Celia Cruz
  19. Frank Sinatra
  20. Marvin Gaye

De komplette Ranking fannt Dir hei.

Wien hätt Ärer Meenung no nach missten op der Lëscht mat drop sinn? An wat haalt Dir vun der Reiefolleg vun der Rolling-Stone-Selektioun? Sot eis et an de Kommentaren!

Back to Top
CIM LOGO