Schlussendlech bis an d’Finall gepackt, hunn et siwe Kandidaten. Ënnert hinne Gesiichter, déi engem net onbekannt sinn, ma och nei Sängerinnen a Sänger, wéi och Bands. Si wäerten de 25. Januar an der Rockhal op der grousser Bün géinteneen untrieden an da wësse mir, wie fir Lëtzebuerg op Basel um Eurovison Song Contest untrëtt.

D’Laura ass en neit Gesiicht fir de Public a schafft als Enseignante am Escher Conservatoire. Musek ass wuertwiertlech seng Welt, wat déi sëllege musikalesch Formatiounen ervirsträichen: vu Piano, bis hin zu Cello, Keyboard, Soundtracks an och Danzen. D’Laura huet souguer e Master am Solfège, Pédagogie médicale an och am Pop-Gesang, deen et um IMEP zu Namur ofgeschloss huet.
D’Pop-Rock-Band, mam Andrea Galleti, Jonathan Fersino, Tom Sagramola, Alessandro Sorbelli a Barbara Salvi, kennt ee scho vun der leschter Editioun. Forméiert hu si sech 2021/22 an hunn zanterhier scho sëllegen Optrëtter hanneru sech. Si wëllen et also nach eng Kéier wëssen. De Jury konnte si schonn emol iwwerzeegen... Hiren éischten Album kënnt iwwregens d’nächst Joer eraus.

De Luzac ass Educateur, dee ganz fréi scho seng Passioun fir d’Sangen a Musek entdeckt an och Gei als Instrument spille geléiert huet. Elo huet hie sech en neien Challenge ginn, de Luxembourg Song Contest. Seng Welt ass de sougenannte “Pop urbain”. Hie séngt awer net just, mä hie schreift a komponéiert och Songs, dat awer bis ewell just fir aner Kënschtler. Seng éischt Single “J’y arriverai” koum 2021 eraus. Ma dobäi soll et net bleiwen, de Luzac schafft un engem éischten Album.
Mat hinnen ass déi zweet Band weider. Déi sechs Museker hu sech am Stater Conservatoire begéint a forméiert. D’Mael Fontana, de Leopold Strauβ an d’Angela Aguilera si Lëtzebuerger, den Diego Lucero huet spuenesch Originnnen, den Zakar Lörinc ass Ungar an d’Sängerin Carmen Carbonnell Suarez verbënnt ungaresch wéi och kubanesch Originnen. Dëse Grupp versprécht en interessante musikalesche Mix, deen iech op en Tour ronderëm d’Welt hëlt, vun Jazz bis latino-amerikanesch Téin, klassesche Stécker wéi och Pop a Rock.

An nach eng Neientdeckung an der musikalescher Landschaft. Als Studentin an der Museksschoul zu Diddeleng huet d’MÄNA zwee Instrumenter geléiert, Gei a Flütt. Aktuell ass et Member an engem Orchester, wou et d’Flütt spillt. Du koum d’Sange mat an de Repertoire, a wéi ee gesäit mat Succès. Nieft de Studien, fir Léierin ze ginn, huet d’MÄNA 2023 seng éischt single “Stay” erausbruecht.
Dës Kéier net als Duo, mä solo. D’Rafa Ela stoung d’lescht Joer zesumme mam Angy op der Bün a versicht et fir déi nei LSC-Aventure elo eleng. D’Sängerin huet scho vill Erfarung op hirem musikalesche Wee opweises: 2016 war et d’Participatioun bei Luxembourg’s Next Popstar, 2018 beim Top Voice Luxembourg, nieft reegelméissegen Optrëtter a Restauranten a Baren.
Mat hinnen ass dann de leschte Finalist an eng weider Grupp an der LSC-Finall. Et handelt sech ëm eng Lëtzebuerger Formatioun, aus 3 Memberen - Federico (Kiko) Menichetti, Gilles Saracini a Christophe Reitz - déi een och scho vu Live-Concerten a Festivalle kennt. Hire Style ëmfaasst souwuel Pop, Folk, a Country an domat begeeschtere si de Public schonn zanter 2009.
LSC-Kandidate gesicht: D’Auditions an der RTL City sinn eriwwer
Kandidat fir den ESC gesicht: Al Bekannter an och Newcomer bei den LSC-Auditions