Si huet d’Entscheedung getraff, hiert Liewen zu Frankfurt ze verbréngen, an dëst ufanks mat villen Ëmweeër.
Mä et war d’Léift, déi him d’Entscheedung vereinfacht huet, fir hire Frënd Marcel en Zeechen, dass déi 2 et mat hirer Bezéiung seriö mengen.
D’Lisa huet eng Aarbecht bei der BILD fonnt, mir begleede si moies op d’Redaktiounskonferenz, hei entseet de Contenu fir d’Zeitung an et gëtt am Detail iwwert jidderengem seng Aufgab geschwat.
Virdrun huet d’Lisa zu Lëtzebuerg als Journalistin geschafft a gesäit en däitlechen Ënnerscheed hei an hirer Aarbecht.
Fir de Redaktioun-Chef Maximilian Schneider war deemools d’Decisioun, fir d’Lisa anzestellen, séier getraff, ee vun den Argumenter ware seng gutt Sproochekenntnisser als Lëtzebuerger.
Zanter 3 Joer tauchen och ëmmer méi Artikelen iwwer Lëtzebuerg an der Bild op, op Superjhemp, privat Storyen oder Lëtzebuerger Dramaen, d’Lisa dréit säin Deel dozou bäi, och wann et drëms geet, fir fir onst Land Reklamm ze maachen.
Fir mathalen ze kënnen, geet et awer net duer, fir nëmme schreiwen ze kënnen, hautzedaags ass Multitask gefrot.
D’Lisa huet hiren Dramberuff fonnt ...