
Nee, d’Awunner vum Big Apple haten net ze déif an d’Glas gekuckt... En Donneschdeg ass effektiv e Chrëschtbeemchen duerch d’Stroosse vun der Milliounemetropol getrëppelt. Zanter 5 Joer ass et fir den Thomas Liberto Traditioun, sech kuerz viru Chrëschtdag ze verkleeden a frieme Leit mat sengem Kostüm e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen.