Zeien hat Mann an der Mall vum Auto fir eng Läich gehalen

De Mann huet ganze Kierperasaz gewisen an awer gouf hie fir eng Läich gehalen.
E Samschdeg de Moien huet eng Fra d'Police vu Lampertheim (D) alarméiert, well si an engem Auto Äerm aus der Mall hänke gesinn huet. Eng Popp huet d'Fra ausgeschloss. Si huet dann och d'Plackennummer vum SUV, dee virun hir gefuer ass, un d'Police weiderginn, esou datt eng Patrull bei Besëtzer vum Auto doheem konnt kontrolléieren, wat do wierklech geschitt ass.
D'Koppel war iwwerrascht, wéi d'Poliziste virun der Dier stoungen. Si haten eng Aarbechtsplack fir d'Kiche kaf an de Mann louch um Bauch louch op der Plack, fir z'evitéieren, datt se aus der Mall géif erauslafen. Dobäi huet hien d'Mall mat enger Hand probéiert unzehalen.
D'Poliziste waren erliichtert, well si keng Läich virfonnt hunn. Luef gouf et fir d'Fra, déi si alarméiert haten, well dës hätt den Ëmstänn an der Situatioun no richteg gehandelt. "Léiwer eng Kéier ze vill, wéi eng Kéier ze wéineg uruffen" huet e Spriecher vun der Police de Medien gesot.
Fir d'Koppel kann d'Zeen awer nach en Nospill matsechbréngen, well elo gëtt gepréift, ob den Transport vun der Plack richteg ofgelaf ass an alles richteg geséchert war. Soss kéint et sinn, datt si mat engem Protokoll misste rechnen.