Dem US-amerikanesche Ministère fir Landwirtschaft ass wuel entgaangen, dass déi fiktiv Natioun "Wakanda" aus dem Marvel-Universum kee richtegt Land ass...

Um USDA-Site stoung eng Zäit laang, dass d'USA Geschäfter mat engem Staat gemaach hätten, deen et a Wierklechkeet mol net gëtt. Mat Hëllef vum "Trade Tracker Tool" konnt nogelies ginn, wéi eng Wueren aus Wakanda importéiert an exportéiert goufen. Opgezielt goufen ënnert anerem Recolten, Mëllechkéi, Ieselen, Kaffisbounen a Geméis. Mëttlerweil gouf d'Lëscht vum Site erofgeholl.

Op Twitter sinn awer nach Biller ze fannen, déi beleeën, dass engem Mataarbechter e Feeler ënnerlaf ass. De Francis Tseng, deen déi sougenannten "Screenshots" op Twitter publizéiert huet, huet der Noriichtenagence Reuters erkläert, dass hien op eemol u sech a sengem geographesche Wësse gezweiwelt hätt: "Ufanks war ech duercherneen a hu geduecht, dass ech d'Land aus dem Film Black Panther falsch an Erënnerung hätt (...) Ech hu Wakanda gegoogelt, fir sécherzegoen, dass et wierklech Fiktioun ass an ech mech net ieren."

Gëtt et eng Erklärung hannert dësem Faux pas oder hat sech e Mataarbechter heemlech wollten e Spaass doraus maachen? Hannergrond soll e Software-Test gewiescht sinn. Nodeems d'Websäit getest gouf, hätte si allerdéngs vergiess, Wakanda aus der Lëscht erauszehuelen, sou e Spriecher vum US-amerikanesche Ministère fir Landwirtschaft.

Ma si hunn déi ganz Saach awer mat Humor geholl an op hirem offiziellen Twitter-Kont matgedeelt: "Och wa mir Wakanda vun eiser Lëscht mat US-Fräihandelspartner gestrach hunn, wäert eis Bezéiung ëmmer staark bleiwen. #WakandaForever".