Zesummen hu si 211 Joer an 175 Deeg an zanter November sti si als Koppel aus Austin am US-Bundestaat Texas am Guinness Buch vun de Rekorder.

Den 22. Dezember hu se hir 80 Joer als bestuete Koppel gefeiert. Dofir huet de John, ganz traditionell, d'Charlotte mat engem 1920er Roadster ofgeholl an et gouf, wéi sollt et anescht sinn, fir seng besser Hallschent e Bouquet Blummen.

RTL

Kenne geléiert hu si sech op der University of Texas, dat am Joer 1934. 5 Joer méi spéit gouf sech bestuet.