Et schwätz ee vun engem bloe Supermound, well zwee Phenomener openee getraff sinn. Wa mer bannent engem Mount zwee Mol e Vollmound hunn, schwätze mer déi zweete Kéier vun engem bloe Mound, et huet näischt domat ze dinn, dass dann de Mound méi blo ausgesäit.
An der Nuecht vum Mëttwoch op en Donneschdeg koum da nach dobäi, dass den Äerdtrabant dem bloe Planéit besonnesch nokomm ass, dofir war et e Supermound. Dat féiert dozou, dass de Mound eis ronn 17 Prozent méi grouss an 30 Prozent méi hell erschéngt, wéi wann en am Wäitste vun der Äerd fort ass.
Am Prinzip all 2 bis 3 Joer. E Moundzyklus dauert 29,5 Dag, eis Kalennerméint 28-31 Deeg. De nächste bloe Mount hu mer den 31. Mee 2026.
Eigentlech ass de Mound ëmmer schéin ze kucke wann den Himmel kloer ass. Well d’Ëmlafbunn vum Äerdtrabant elliptesch ass variéiert d’Distanz zur Äerd permanent. An der Nuecht war de Mound eis esou no wei e nëmme ka kommen, 380 Dausend Kilometer vun eis ewech. Wann en am wäitste fort ass sinn et 405 Dausend Kilometer.
Fir déi wou an der Physik opgepasst hunn, wëssen, dass wann en Objet méi no ass, en engem méi grouss virkënnt. Fir Leit déi nach an der Vakanz si kënnen och um Strand gesinn, dass Ebbe a Flut méi staark ausgepräägt sinn, dat op d’mannst d’Erklärunge vun der NASA.
Wéini ass de nächste bloe Supermound?
Datt déi zwee Phenomener openeen treffen kënnt nëmmen all 10-15 Joer vir. Déi nächste Kéier am Joer 2037.