
Ballet, Piano, Schi a Schlittschong, Waasserschi, Seegelen, Tennis a Reide stinn oder stoungen ëmmer um Programm a virun 12 Joer huet si “Skydiving” ausprobéiert. Schonn an der Schoul hat si vill Energie an huet gär gebabbelt an dofir verwonnert et net, dass se Affekotin ginn ass a spéider an d’Politik gewiesselt ass. Am “Café des artistes” huet si dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten verzielt, firwat “Angscht” fir si e Friemwuert ass, wéi vill Kazen an Hënn si huet, wien doheem kacht a firwat se scho véiermol dem Doud vun der Schëpp gesprongen ass.
Um Piano: de Marc Schmidt
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17.10 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.