Dës Optioun gesäit vir, dass zwee Tunnellen ënner den Naturschutzgebidder Natura 2000 an dem Fennerbësch erduerchféieren.

Hesper erstéckt am Duerchgangsverkéier. De Contournement vun deem scho laang geschwat gëtt, ass wéinst engem Natura 2000 Schutzgebitt nëmmen unhand vu schwéieren a laangwierege Prozeduren ëmzesetzen. Fir méi séier zu enger Léisung ze kommen, huet de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, de François Bausch, der Hesper Gemeng e Mëttwoch eng Alternativ virgestallt. Déi sougenannten Optioun Tunnel.

Dës gesäit vir, datt zwee Tunnellen ënner den Naturschutzgebidder Natura 2000 an dem Fennerbësch erduerch féieren. Esou géifen dës intakt bleiwen, et kéim zu manner Kaméidi- a Loftverschmotzung. An et kéim ee méi séier virun.

D’Machbarkeet vun der Optioun Tunnel ass am Gaang ausgeschafft ze ginn. Dat parallel zu den anere Variante vum Hesper Contournement. Dës dierften iwwregens am Mäerz de Bierger vun de Gemenge Fenteng a Réiser an ëffentlecher Consultatioun presentéiert ginn. Am Hierscht sollen d’Varianten an d’Alternativ "Tunnel" an de Regierungsrot kommen. Hei soll dann eng Entscheedung getraff ginn. Dem François Bausch no kéint de Contournement mat den Tunnellen 2027 befuerbar sinn. Virausgesat et kéime keng Imprevuen.

Bei deenen Delaie wäerten d‘Käerjenger grouss Ouere kréien. D'Finanzéierungsgesetz fir de Käerjenger Contournement gouf jo scho viru méi wéi engem Joer gestëmmt. Bis haut huet de Schantjen awer nach net ugefaangen. Dat léich un de Kompensatiounsmesuren, déi nach misste vum Environnement autoriséiert ginn, esou de François Bausch. Viraussiichtlech am Hierscht d'nächst Joer kéint eng éischt Phas vum Schantjen um Rond-point bei der Käerjenger Gare ufänken.