SNCA zu Wëlwerwolz huet e Freideg definitiv zougemaach

© Andy Brücker / RTL.lu
D'SNCA, also d'Société Nationale de Circulation Automobile huet den 20. Dezember 2019 hir Dieren zu Wëlwerwolz definitiv zougemaach.
Ufank Januar geet dann den neie Site zu Maarnech op an zwar um 1. Stack vun engem Centre commercial, e puer honnert Meter ewech vun der zukünfteger Kontrollstatioun.
Fir d'Material ze plënnere bräicht een e bëssen Zäit, heescht et vun de Responsabelen, sou datt fir eng kuerz Zäit effektiv keen SNCA-Bureau am Éislek géing funktionéieren.
Verschidde Garagisten aus dem Norde vum Land hate sech beschwéiert, well se keng Rendezvouse méi zu Wëlwerwolz krute fir dëst Joer.
Déi Professionell. wéi och d'Privatleit déi nach 2019 e Gefier wëllen oder mussen umellen, kréie vun der SNCA geroden, dat entweder um Site Sandweiler oder um Site Esch ze maachen. De Volume wier op alle Fall op de genannte Standuerter ze packen.
E Freideg goufen an engem Communiqué weider Detailer genannt ginn, ënner anerem den Datum fir d'Ouverture vum Maarnecher Büro, deen den 9. Januar ass. Vu méindes bis fréides tëscht 7.30 Auer a 16.30 Auer ginn d'Clienten hei betreit.
Nieft der SNCA plënnert jo och d'SNCT aus dem Kiischpelt fort a Richtung Maarnech.
D'Kontrollstatioun Wëlwerwolz mécht also net zou, mä déi Fermeture soll progressiv geschéien. Et ass eng Iwwergangsphas geplangt an am éischten Hallefjoer 2020 ginn d'Installatiounen zu Maarnech nieft der N7 dann op.
Dat hat den Transportminister François Bausch dës Woch op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler geäntwert.
Offiziellt Schreiwes (20.12.19)
Ouverture des nouveaux guichets à Marnach le 9 janvier 2020 et fermeture définitive des guichets sis à Wilwerwiltz (20.12.2019) | |
| |
Dans le cadre de l’amélioration constante du service au client, la SNCA ouvrira ses nouveaux guichets à Marnach, au 1er étage du centre commercial “Nordstrooss Shopping Mile”, 2 Marbuergerstrooss le 9 janvier 2020 et fermera définitivement ceux du site de Wilwerwiltz à partir du 20 décembre 2019. Durant cet intervalle les clients pourront se présenter sur le site de Sandweiler pour effectuer toutes leurs démarches administratives relatives à l’immatriculation ainsi que toutes les opérations liées au permis de conduire. |