Déi geplangte PKW-Maut kéint fir déi däitsch Regierung méi deier gi wéi bis ewell geduecht.

Nom Aus fir d'PKW-Maut an Däitschland fuerderen déi gekënnegt Bedreiwer 560 Milliounen Euro vun der Regierung. D'Uspréch sinn an dëser Héicht berechent ginn a sollen an e puer Schrëtt revendiquéiert ginn, dat hunn d'Entreprisë Kapsch an CTS Eventim en Donneschdeg matgedeelt.

Kapsch an CTS Eventim haten d'Firma Autoticket gegrënnt, fir d'Bezuelen an d'Kontroll vun der PKW-Maut. De Verkéiersminister Andreas Scheuer hat d'Kontrakter mat der Firma ënnerschriwwen, ier endgülteg gekläert war, ob d'Maut rechtlech an der Rei ass oder net. Am Juni 2019 hat dunn den europaësche Geriichtshaff decidéiert, datt den däitsche Peage géint d'EU-Recht verstéisst. D'Entreprisë sinn elo dovunner iwwerzeegt, datt si een Usproch op hire verpasste Gewënn hunn.