Den US-Pharmakonzern huet reagéiertNo Thrombose-Fäll gëtt den EU-Start vum Johnson&Johnson-Vaccin verluecht

RTL Lëtzebuerg
An den USA soll et a 6 Fäll 2 Wochen nom Sprëtze vum Vaccin vun Johnson&Johnson zu Thrombose komm sinn.
No Thrombose-Fäll gëtt den EU-Start vum Johnson&Johnson-Vaccin verluecht
Den US-Pharmakonzern huet reagéiert, nodeems et an den USA a 6 Fäll 2 Wochen nom Sprëtze vum Vaccin zu Thrombose komm ass.

Déi Betraffe si Fraen am Alter tëscht 18 an 48 Joer. Offiziellen Informatiounen no ass eng Fra gestuerwen, eng zweet soll zu Nebraska a kriteschem Zoustand an d’Klinick ageliwwert gi sinn. D’Gesondheetsautoritéite fuerderen de Stopp vum Impfstoff an allen US-Bundesstaaten, bis d’Sécherheet ënnersicht ginn ass. Eng Enquête ass amgaangen. Sou laang soll keen Johnson&Johnson gesprëtzt ginn, seet déi amerikanesch Medikamentenagence FDA.

Zu Lëtzebuerg sinn e Méindeg 2.400 Dosisse vum Johnson&Johnson-Vaccin ukomm. Dat hat de Gesondheetsministère de Kolleege vu 5minutes.rtl.lu géintiwwer confirméiert.

Den US-Pharmakonzern Johnson&Johnson huet elo selwer och reagéiert an den EU-Start vu sengem Vaccin bis op Weideres ausgesat. D’Liwwerung vum Impfstoff an Europa gëtt deemno elo mol verluecht.

Wat déi nei Entwécklungen ugeet, sou waart d’Santé zu Lëtzebuerg RTL-Informatiounen no elo mol d’Reaktioun vun der Ema of.

Op EU-Niveau géif och gekuckt ginn, ob de scho geliwwerten Impfstoff ka benotzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO