
Dofir goufen d’Investitioune vun 125 vun de räichste Milliardäre weltwäit analyséiert.
Gutt zwee Drëttel vun den Emissioune géifen dann och duerch hir Investitioune generéiert ginn. An der Moyenne géife 14 Prozent vun hiren Investitiounen a fossil Energien oder Materialie wéi Zement fléissen. Just ee Milliardär, dee fir dës Etüd ënnert d’Lupp geholl gouf, hätt och an erneierbar Energien investéiert.
Ma och hire Lifestyle mat Privatfliger a Yachte géif e puer Dausend Mol méi Emissioune verursaachen, wéi dee vun duerchschnëttleche Mënschen.
D’Responsabilitéit vun de räiche Leit fir e groussen Deel vun den Zäregasemissioune géif nëmme wéineg diskutéiert an och wéineg vun der Politik berécksiichtegt ginn, esou eng Porte-Parole vun Oxfam. Dat misst sech änneren.
D’Weltklimakonferenz COP27 misst weisen, wéi eng Roll grouss Konzerner a räich Investisseure bei der Pollutioun vun eiser Atmosphär an domat der globaler Klima-Kris spillen.