Benjamin NetanjahuIsrael bereet no Attack "komplett Spär" vum Westjordanland vir

RTL mat AFP
No engem Ugrëff mat 5 Blesséierte wëllt déi israeelesch Regierung dat komplett Gebitt späre loossen. De Virfall kënnt nëmme puer Deeg virun de Parlamentswalen an Israel.
Israel bereet no Attack "komplett Spär" vum Westjordanland vir
No engem Ugrëff mat 5 Blesséierte wëllt déi israeelesch Regierung dat komplett Gebitt späre loossen.

No engem Ugrëff mat Schosswaffen an der Géigend vun Hebron, bei deem fënnef Persoune blesséiert gi sinn, wëllt Israel dat ganzt Westjordanland ofspäre loossen. Dat sot de Regierungschef Benjamin Netanjahu, nodeems Israel "e groussen Uschlag" verhënnert hätt. Zaldoten hunn zwee presuméiert palästinensesch Ugräifer erschoss. Zwou vun de fënnef blesséierte Persoune wieren a kriteschem Zoustand.

Zum Virfall, am Beräich vum Farsh al-Hawa Checkpoint, ass et am Kader vun neie Spannungen am Westjordanland komm, nëmme puer Deeg virun de Parlamentswalen an Israel. Den Netanjahu huet ordonéiert, direkt e Sécherheetsperimeter ronderëm Hebron ariichten ze loossen an dann am Laf vum Freideg ganz "Judäa a Samaria" ofspären ze loossen.

De Minister fir ëffentlech Sécherheet Itamar Ben-Gvir huet iwwerdeems gefuerdert, dass d'palästinensesch Organisatioun Hamas desarméiert, opgeléist an hir "Terror-Infrastruktur" komplett ausgewëscht misst ginn.

Back to Top
CIM LOGO