Bei engem schwéieren Äerdbiewen an der autonomer Regioun Tibet a China sinn Aussoe vun de chineesesche Staatsmedien no op d'mannst 16 Leit ëm d'Liewe komm. Wéi CCTV weider mellt, goufe 46 Leit beim Biewen, dat mat 7,0 op der Richterskala gemooss gouf, blesséiert, iwwer 300 Haiser goufe beschiedegt. D'Noriichtenagence Xinhua mellt, d'Rettungsaarbechte wieren amgaangen an d'Ausmooss vun de Schied muss nach ausgewäert ginn.
D'Biewe gouf en Donneschdeg géint 22:33 Auer Lokalzäit, also 16:33 Auer eiser Zäit, registréiert. Dem amerikanesche geologeschen Déngscht no louch den Epizentrum an enger Biergregioun eng 390 Kilometer nordëstlech vu Lhasa, der Haaptstad vum Tibet. D'Biewe war eng 10 Kilometer ënnert dem Buedem.

Iwwer 300 Poliziste goufe Xinhua no fir d'Rettungsaarbechten erausgeschéckt, wärend déi lokal Pompjeeë ronn 350 Membere mobiliséiert hunn. Biller vu CCTV weisen, wéi d'Rettungsekippe sech duerch beschiedegt Gebaier kämpfen an dobäi ee Mënsch rette konnten. Och Zaldote goufen an d'Katastropheregioun geschéckt.
D'Stroumversuergung an och d'Kommunikatioun ass plazeweis komplett ausgefall. A China kënnt et ëmmer nees zu méi schwéieren Äerdbiewen. Am Januar 2025 ware bei engem Biewen am méi ländlechen Deel vum Tibet op d'mannst 126 Mënschen ëmkomm.