Copernicus warnt viru RisikenMierer uechter d'Welt esou waarm wéi nach ni

AFP, iwwersat vun RTL
En neien Temperaturrekord dokumentéiert op en Neits, wéi séier de Klimawandel virugeet: Rezent gouf déi héchst duerchschnëttlech Mierestemperatur gemooss.
E Koralleriff
E Koralleriff
© GABRIEL BARATHIEU/Biosphoto via AFP

D'Weltmierer sinn esou waarm wéi nach ni zanter dem Ufank vun de Miessungen 1979. Déi deeglech global Temperatur vun der Mieresuewerfläch (SST) hätt leschte Samschdeg hiren héchste jeemools gemoossene Wäert erreecht, heescht et vum Klimawandeldéngscht vun der EU Copernicus. De Rekord wier den 22. August mat enger Temperatur vun 21,1 Grad opgestallt ginn, woumat den aktuelle Rekord vun 21,09 Grad vum Mäerz 2024 iwwertraff gi wier.

Och am Ozean méi Hëtztwellen

"Dëse Rekord ass e weidert däitlecht Zeechen dofir, datt den Ozean ëmmer méi ënner Drock steet", esou d'Samantha Burgess, strateegesch Cheffin fir Klima bei Copernicus. Mat der dauerhafter Hausse vun de Mierestemperature géingen d'Risike fir Ökosystemer a Küsten zouhuelen. "D'Suitte si scho siichtbar: D'Zuel vun den Deeg mat marinnen Hëtztwellen huet sech weltwäit zanter Ufank den 1990er Jore méi wéi verdräifacht."

Dagesrekorder sollten ëmmer am breede klimatesche Kontext interpretéiert ginn, heescht et vun der Klimafuerscher. Dëse Meilesteen stéing ma Aklang mat der dauerhafter laangfristeger Erwiermung vun de Weltmierer an dem Optriede vun engem El-Niño-Event am tropesche Pazifik. Am tropesche Pazifik entwéckelt sech deemno aktuell e staarken El Niño, deen den Ozean nach weider ophëtzt. D'Samantha Burgess betount an deem Kontext: "El Niño féiert zu enger zousätzlecher Erwiermung vum System, ma dat geschitt zousätzlech zu der joerzéngtelaanger, vum Mënsch gemaachter Eriwermung."

Méi Extreemwiederen duerch méi héich Mierestemperaturen

Méi héich Mierestemperaturen erhéijen de Risk vun extreeme Wiederen, heescht et weider am Rapport vu Copernicus. E méi waarmen Ozean gëtt méi Wäermt a Fiichtegkeet un d'Atmosphär of, wat zu méi staarkem Reen an enger méiglecher Intensivéierung vu Stierm féiere kéint. Donieft kéint e méi waarmen Ozean Kuelendioxid aus der Atmosphär manner effizient bannen, wouduerch ee vun de wichtegsten natierleche Puffer vum Planéit géint de Klimawandel ofgeschwächt kéint ginn.

D'Copernicus-Klimafuerscher hu sech erstaunt iwwer den Zäitpunkt vum Rekord gewisen. Déi global Mierestemperature wieren an der Reegel am Mäerz an Abrëll nom südleche Summer am héchsten, ma dee rezentste Rekord wier am August erreecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO