No der parlamentarescher Néierlag vu senge Pläng fir d'Bekämpfe vun der Wunnengskris huet de spuenesche Premier Pedro Sanchez e Méindeg de Moie virgezunnen Neiwale fir den 29. November annoncéiert. Fir d'Reforme virunzebréngen, "musse mir aktiv ginn an erreechen, datt dat Parlament eis eng däitlech méi breet a progressiv Majoritéit gewäert", sot de Sanchez e Méindeg zu Madrid. "Ech hu beschloss, nach haut de Moien eng ausseruerdentlech Cabinetssëtzung anzeberuffen, fir d'Chamber opzeléisen a Parlamentswalen auszeruffen."
D'Regierung vum Sozialist Sanchez hat e Freideg eng Defaite am Parlament missen astiechen. An zwou Ofstëmmungen huet d'Majoritéit vun den Deputéierten déi zwee Dekreeter, déi vum Cabinet op de Wee bruecht goufen, ofgeleent. Fir d'Bekämpfe vun der Wunnengsnout am Land huet de Mesurëpak ënner anerem e Moratoire fir Zwangsraimunge bis 2030 an den automateschen Enn vun zäitlech befriste Loyere virgesinn.
E Samschdeg hunn op en Neits zéngdausende Mënschen zu Madrid an an anere Stied fir bezuelbare Wunnraum demonstréiert.
Fir Schlagzeilen hat e Virfall virun zwou Woche gesuergt, bei deem eng Fra vu 87 Joer zu Madrid aus hirer Wunneng erausgeheit gouf, nodeems de Proprietär hire Loyer vu 440 op 1.650 Euro erhéicht hat a si dës net bezuele konnt. D'Fra hat iwwer 70 Joer an der Wunneng gelieft.