"Geféierlechste Mann vun Däitschland"Titelsäit vum "Spiegel" suergt fir Diskussiounen a kéint AfD an d'Kaarte spillen

Jeff Birsens
Den AfD-Spëtzekandidat Ulrich Siegmund läit knapp dräi Woche virun de Walen a Sachsen-Anhalt an allen Ëmfroe vir. Déi däitsch Zäitschrëft "Spiegel" wollt dowéinst mat enger gewoter Iwwerschrëft viru méigleche Konsequenze warnen, huet der Partei domat awer méiglecherweis nach méi an d'Kaarte gespillt.
Den Ulrich Siegmund bei engem Familljefest vun der AfD.
© Photo by PETER GERCKE / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

De 6. September gëtt am däitsche Sachsen-Anhalt een neie Landtag gewielt. Mat bis zu 43 Prozent féiert d'AfD déi aktuell Ëmfroen däitlech un. D'AfD ass déi Partei, déi an deem Bundesland vum Verfassungsschutz als "geséchert rietsextreemistesch Bestriewung" agestuuft gouf a mam Ulrich Siegmund de "geféierlechste Mann vun Däitschland" als Spëtzekandidat soll hunn. Dës Iwwerschrëft, déi op der Titelsäit vum neie "Spiegel" ze liesen ass, huet awer net déi wuel gewënschte Wierkung ausgeléist, der Partei am Walkampf e Been ze stellen.

Am Géigendeel. Op engem Familljefest zu Klötze a Sachsen-Anhalt huet de Siegmund e Sonndeg mat der neier Zäitschrëft vum Spiegel poséiert an dës souguer mat sengen Ënnerschrëften u Leit verdeelt. Den Artikel wier eng "ganz gutt Reklamm" fir hien a seng Partei gewiescht, sot hien doropshin an engem Interview mat der "Welt". Vun aneren däitsche Medie gëtt kritiséiert, datt am Artikel haart Fakte gefeelt hätten, déi de Spëtzekandidat wierklech un de Pranger stelle kéinten.

Firwat soll den Ulrich Siegmund geféierlech sinn?

Wann den Ulrich Siegmund mat sengem frëndleche Laache fir d'Kamerae poséiert, kéint een den Androck vun engem buedemstännege Politiker hunn, dee sech fir d'Wuel vun de Leit interesséiert. Hannert der Fassad verstoppt sech awer méi. Am November 2023 war de Siegmund an e Skandal verwéckelt, well hien un engem geheimen Treffen zu Pläng vun der sougenannter "Remigratioun" deelgeholl huet. Dobäi ass et drëm gaangen, wéi Millioune vu Mënsche mat Migratiounshannergrond aus Däitschland systematesch verdriwwe kéinte ginn.

Dann huet den Ulrich Siegmund och enk Relatiounen zu rietsradikale Gruppéierungen, wéi beispillsweis der "Identitärer Beweegung", engem rietsextreemen Netzwierk, dat mat aktivisteschen Aktioune virun allem jonk Leit viséiert a vun den däitschen Autoritéiten als rietsextreemistesch agestuuft gouf. De Contenu, deen den AfD-Spëtzekandidat fir Sachsen-Anhalt fir seng Sozial Medien notzt, gëtt ëmmer nach vu Membere vun der Identitärer Beweegung produzéiert.

Eng weider Kritik si Reprochë vu méiglecher Vetternwirtschaft. Ufank 2026 war nämlech opkomm, datt de Papp vum Siegmund eng héich dotéiert Plaz mat engem Joressalaire vu knapp 100.000 Euro an engem Büro vun engem AfD-Bundestagsdeputéierte krut huet.

Schluss mam Verfassungsschutz?

Wéinst feelende Koalitiounspartner ass eng AfD-Landesregierung a Sachsen-Anhalt dem aktuelle Stand no nach net méiglech. Trotzdeem erhofft sech d'AfD, bis zu de Walen nach d'Mark vu 50 Prozent ze briechen an domat déi absolutt Majoritéit ze erreechen. Eng méiglech Suite mat der AfD als regéierend Partei wier ënner anerem d'Bekämpfung vum Verfassungsschutz, vun deem de Siegmund "d'Ofschafung iwwerpréiwe" wéilt. Och d'AfD-Parteichefin Alice Weidel huet schonn hir Ënnerstëtzung fir dës Pläng geäussert. De Verfassungsschutz misst "a senger aktueller Form ofgeschaaft respektiv op d'mannst grondleeënd reforméiert" ginn, sou d'Weidel.

D'Aufgab vum däitsche Verfassungsschutz ass et offiziell, déi fräiheetlech demokratesch Gronduerdnung viru verfassungsfeindleche Geforen ze schützen. Wéinst rassistescher an diskriminéierender Migratiounspolitik, antisemitteschen Aussoen, Kritik géint déi parlamentaresch Demokratie an d'Vernetzung an déi rietsextreem Zeen hat de Verfassungsschutz den AfD-Landesverband a Sachsen-Anhalt 2023 als geséchert rietsextreemistesch agestuuft.

Trotzdeem hënnert dat méi wéi 40 Prozent vun den Däitschen a Sachsen-Anhalt wéi et schéngt awer net dorun, hir Ënnerstëtzung fir d'AfD ze weisen a sou séier wäert den Ulrich Siegmund dowéinst och net fäerdeg ginn, seng Titelsäit als "geféierlechste Mann vun Däitschland" weider fir seng Supporter ze ënnerschreiwen.

Back to Top
CIM LOGO