
No der Annonce, datt déi fréier IStGH-Riichterin Navi Pillay de Friddensnobelpräis kritt, hunn d'USA matgedeelt, datt een d'Sanktioune géint den Internationale Strofgeriichtshaff, kuerz IStGH, géif verschäerfen. Den US-Ausseminister Rubio huet e Freideg matgedeelt, datt d'USA "all d'Geschäfter mat dësem Bandittegeriicht verbidden, seng Ressourcë beschneiden a seng Handlungsfäegkeet drastesch schwächen" wäerten. Weider heescht et vum Marco Rubio, datt den US-President Trump deem Geriicht et "nimools erlabe wäert, fir Amerikaner ze poursuivéieren".
Nodeem d'Tribunal Ermëttlunge géint Israel ageleet hat, haten d'USA schonn héichrangeg Membere vum IStGH mat Sanktioune beluecht.
Kuerz no dëser Annonce huet d'Europäesch Unioun op d'Sanktioune reagéiert an annoncéiert, datt ee bereet wier, fir "all déi néideg Mesuren ze huelen", fir et dem Internationale Strofgeriichtshaff z'erméiglechen, seng Aarbecht weiderzeféieren. Weider huet een d'US-Sanktioune géint den Internationale Strofgeriichtshaff als "zudéifst bedauerlech" bezeechent. Och hofft een an der EU, datt een déi sechs Méint, déi festgesat goufen, éier d'Sanktiounen a Kraaft triede sollen, notze kéint, fir mateneen ze schwätzen.
Nieft der EU hunn och verschidde Länner op d'Annonce vun den USA reagéiert. Däitschland, Kanada, Dänemark, Frankräich,Italien, Japan, Holland a Groussbritannien hunn d'US-Sanktioune schaarf verurteelt. Och si hunn dem Internationale Strofgeriichtshaff hir "Ënnerstëtzung" zougesot, fir datt een "d'Onofhängegkeet, Onparteilechkeet an d'Integritéit vum IStGH" ka schützen. "Mir Wäerte weider zesummen doru schaffen, fir déi wichteg Aarbecht vum Geriichtshaff ze ënnerstëtzen, déi international Uerdnung, déi op Reegele baséiert, ze halen an d' Rechenschaftsflicht virunzebréngen".
Den Internationale Strofgeriichtshaff gouf 2002 gegrënnt a poursuivéiert Verdächteger, déi beschëllegt ginn, schwéier Verbriechen, Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet gemaach ze hunn. D'USA hunn de Vertrag deemools zwar ënnerschriwwe gehat, hunn en awer ni ratifizéiert.