Zuele vun der WHOWeltwäit Liewenserwaardung bal nees um Stand wéi viru Corona

AFP, iwwersat vun RTL
D'Weltgesondheetsorganisatioun huet e Freideg Zuelen zu der weltwäiter Liewenserwaardung publizéiert.
Die weltweite Lebenserwartung liegt nach UN-Angaben inzwischen fast wieder auf dem Niveau von vor der Corona-Pandemie. Die Aussichten auf in Gesundheit verbrachte Lebensjahre erholen sich jedoch nicht so schnell.
Déi weltwäit Liewenserwaardung läit bal nees beim Niveau wéi viru Corona.
© AFP/Archiv

Déi weltwäit Liewenserwaardung läit de Vereenten Natiounen no antëscht bal nees um Niveau wéi virun der Corona-Pandemie. D'Aussiichten op Liewensjore bei gudder Gesondheet géinge sech awer net esou séier verbesseren, wéi et aus den Zuele vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) e Freideg ervirgeet.

"E méi laang Liewen ass ee vun de grousse Succèse vun der ëffentlecher Gesondheetsversuergung", huet den zoustännege WHO-Direkter Alain Labrique erkläert. "Déi nächst Erausfuerderung ass, sécherzestellen, datt dës zousätzlech Liewensjore bei gudder Gesondheet verbruecht ginn." D'Gesondheetssystemer missten un d'Besoine vun de Bevëlkerung ugepasst ginn.

Déi weltwäit Liewenserwaardung louch bei den Zuelen, déi e Freideg publizéiert goufen, 2023 bei 73,3 Joer. Dëse Wäert kënnt no un déi 73,4 Joer vun 2019 erun. Wärend der Corona-Pandemie war déi weltwäit Liewenserwaardung 2021 op 71,5 Joer erofgaangen.

Der UNO no hätt sech d'Zuel vun de Liewensjore "bei gudder Gesondheet" am selwechten Zäitraum erholl, just méi lues. 2023 huet se e Wäert vun 62,8 Joer erreecht - 0,4 Joer ënnert dem Niveau vu viru Corona 2019.

Back to Top
CIM LOGO