Réckbléck op ganz perséinlech Geschichten

Klima-Demo, Scouts-Asaz, Capitani-Erfolleg an Tornado-Schued. Fir vill Mënsche war 2019 e ganzt speziellt Joer.
Dës Woch schwätze mer am Magazin all Dag mat enger anerer Persoun, déi 2019 ganz speziell Momenter erlieft huet. Glécklecher, emotionaler an och traureger.
Deel1: Zohra Barthelemy vu "Youth for Climate"
Fir unzefänken, war d‘Zohra Barthelemy vu "Youth for Climate" Invité bei eis am Studio. Mir hu mat him op säi Joer un der Spëtzt vun de Klimaprotester hei zu Lëtzebuerg gekuckt.
Deel 2: Anouk Galassi, Presidentin vu "Scouting in Luxembourg"
Et war e mouvementéiert Joer fir d'Scouten zu Lëtzebuerg, dat mat virop dem Doud vum Grand-Duc Jean. Doriwwer an iwwer vill aner Themen hu mir mam Anouk Galassi geschwat.
Deel 3: Luc Schiltz, och bekannt als "Luc Capitani"
Eng Lëtzebuerger Produktioun, déi och hei am Land spillt, déi vun Ufank u ganz vill Leit begeeschtert huet an elo scho Rekorder gebrach huet. Och dat ass eng Première hei zu Lëtzebuerg, e Succès, deen ee sech bestëmmt erhofft hat, mä bestëmmt net ze gleewe gewot huet. A wéi den Haaptacteur, de Luc Schiltz dat ganz erlieft huet, dat huet hien eis verroden.