Vum 1. Dezember unBis zu 160 Leit profitéiere vun der Wanteraktioun

Christophe Hochard
Aktuell ass et dobaussen awer nach net kal genuch, fir datt Leit am volle Mooss vun der Wanteraktioun profitéieren.
Éischte Bilan vun der Wanteraktioun
Eng 160 Leit profitéieren aktuell vun der Offer.

Zanter dem 1. Dezember leeft d’Wanteraktioun fir d’Sans–Abrisen. Koordinéiert vun Inter–Actions sinn et d’Croix-Rouge an d‘Caritas, déi zesumme mat hire Benevollen hëllefen.

Daagsiwwer profitéieren eng 120 Persounen d’Woch iwwer vun der Struktur zu Bouneweg, déi vum Roude Kräiz geréiert gëtt. De Weekend läit dës Zuel bei 160 Leit. Am Nuetsfoyer, dee vun der Caritas geleet gëtt, sinn d’Zuele grosso modo déi selwecht. Den Ament wär et nach net kal genuch, fir dass d’Mënschen, déi a Nout liewen, vun der Wanteraktioun an hirem volle Mooss profitéiere géifen.

Béid Strukturen, den Dages- an de Nuetsfoyer, sinn all Dag op, och op de Feierdeeg. D’Wanteraktioun selwer geet nach bis den 31. Mäerz vum nächste Joer.

Back to Top
CIM LOGO