Wéi de CGDIS mellt, koum et an der Nuecht op e Sonndeg zu engem Accident um Zéissenger Kräiz.

Dräi Gefierer sinn op der Escher Autobunn kollidéiert, 2 Persoune goufe verwonnt. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter aus der Stad an d'Police.

E weideren Accident gouf e Sonndeg de Moie géint 9.15 Auer op der A13 a Richtung Péiteng. Tëscht Gadderscheier an der Sortie Nidderkuer krut en Auto d'Leitplank ze paken. De Bilan ass hei 1 Blesséierten. Am Asaz waren d'Escher Ambulanz an d'Pompjeeë vun Esch a Suessem/Déifferdeng.

Zu Péiteng hat et dann och géint 11.30 Auer gerabbelt, wéi en Auto an e Potto gerannt war. An um 14.30 Auer ass ee Gefier op der A3 tëscht Diddeleng an dem Beetebuerger Kräiz an d'Leitplanke gerannt. A béide Fäll gouf et ee Blesséierten.