Police
Abroch a Gemengenhaus zu Manternach

Géint 1 Auer an der Nuecht op e Sonndeg krut den 112 e Brand am Gemengenhaus zu Manternach gemellt.
Op der Plaz hunn d'Pompjeeën awer kee Feier, mä eng futtis Alarmanlag virfonnt, grad ewéi eng Fënster, déi ageschloe gouf. D'Police huet d'Gebai duerchsicht an dobäi eng verdächteg Persoun fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an huet e Sonndeg Rendezvous beim Untersuchungsriichter.
Soss nach am Police-Bulletin
E Samschdeg den Owend ëm 20.30 Auer gouf an der Avenue Monterey an der Stad e Passant vun engem onbekannte Mann iwwerfall an an d'Gesiicht geschloen. E gouf weider net blesséiert, ma dem Onéierlechen ass et awer net gelongen, dem Affer seng Wäertgéigestänn ze klauen. Et gouf eng Plainte gemaach.
Am meeschte gelies