Affär Waldhaff: 1. Urteel confirméiert, Bail gouf rechtswierksam opgeléist

De Staat hat de Bail mat Zäiten opgeléist, esou datt d'Gesetz aus dem Februar 2018 iwwert de Bail commercial net gräife konnt.
„Dat 1. Urteel vum Stater Friddensgeriicht vum Juli ass ze confirméieren. D'Sàrl muss dem Staat eng Indemnité de procédure vu 500 Euro bezuelen an donieft fir d'Fraisen opkommen!“: Sou heescht et am Appellsuerteel vum Stater Geriicht zum juristesche Sträit tëscht der Sàrl Café-Restaurant Waldhaff vum Marc Hobscheit an dem Staat ëm de Bail vum Gebai, dat dem Staat gehéiert.
D'Societéit hat am Februar eng Requête um Friddensgeriicht an der Stad deposéiert. Si hat doran ënner anerem gefuerdert, dass de Staat hir eng Indemnité d'éviction vun zwou Milliounen Euro bezuele sollt, dat op Basis vum Wäert vum Fonds de commerce. Virun déck 5 Méint hat d'Friddensgeriicht déi Demande irrecevabel erkläert
An deem 1. Urteel stoung, dass de Bail, deen tëscht béide Säiten ofgeschloss gi war, duerch e Bréif vu Juni 2017 gekënnegt ginn an Enn 2017 ausgelaf wär. D'Sàrl hätt kee Contrat de bail méi gehat, wéi d'Gesetz vu Februar 2018 iwwert de Bail commercial a Kraaft getrueden ass. D'Societéit hat am August dogéint Appell gemaach.
Am zweete Prozess hat den Affekot vun der Sàrl erkläert, dass d'Societéit an de Staat e Bail commercial ofgeschloss hätten an zanter op d'mannst Mäerz 1993 e Café-Restaurant am Gebai gewiescht wär. Duerch e Bréif vu Juni 2017 hätt de Staat, ouni e Grond dofir unzeginn, de Bail gekënnegt, mat engem Preavis vu 6 Méint.
D'Sàrl hätt am Oktober 2017 zwee Sursis commerciaux gefrot: Deen Éischte wär an zwou Instanzen zréckgewisen an deen Zweeten net plädéiert ginn. D'Societéit hätt dunn am Mäerz zejoert, nom Akraafttriede vum Gesetz vu Februar 2018 iwwert de Bail commercial, gefrot, fir de Bail erneiert ze kréien. Dës Demande wär am November d'lescht Joer net fondéiert erkläert ginn, well d'Sàrl am Verlaf vun der Prozedur mat hiren Aktivitéiten opgehalen hätt. D'Societéit wär allerdéngs der Meenung, de Staat hätt si erstéckt. Doduerch wär si gezwonge gewiescht, fir opzehalen. D'Sàrl hätt doropshin déi Indemnité d'éviction gefrot. De Contrat de bail wär nämlech, ouni e Grond dofir unzeginn, gekënnegt an d'Demande, fir de Bail z'erneieren, och ouni eng Ursaach ze nennen, refuséiert ginn. Dogéint hat de Staat d'Confirmatioun vum 1. Urteel verlaangt. De Contrat de bail wär nämlech rechtswierksam opgeléist ginn, an et wär e Kontrakt op bestëmmte Zäit gewiescht, dee kéint gekënnegt ginn, ouni e Grond unzeginn.
Déi zweet Riichter weisen an hirem Urteel drop hin, dass den 1. Sursis zréckgewise ginn an de Bail deemno Enn 2017 ausgelaf wär. Wéi d'Gesetz vu Februar 2018 iwwert de Bail commercial a Kraaft getrueden ass, wär de Contrat de bail deemno net méi gelaf. Dat 1. Urteel wär dofir ze confirméieren.