Op de Summer vun dësem Joer gekuckt, war dee global gesinn ze waarm an ze dréchen. Dobäi war et net déi éischten Kéier. Schonn d’lescht Joer gouf et wärend dem Fréijoer a Summer am Grand-Duché nëmme wéineg Reen. An dat hat Repercussiounen op d’Gewässer an d’Grondwaassersituatioun zu Lëtzebuerg.
Wat d’Grondwaasser-Niveauen ugeet, wäerte mir nach ëmmer op engem ganz déiwen Niveau. Grond wär ënner anerem de ganz mëlle Wanter 16/17 gewiescht. Deemools gouf et vill ze wéineg wéineg Nidderschléi.