Géint Hallefnuecht koum et um Käler Potto zu engem Accident. En Auto war hei vun der Strooss ofkomm an huet sech iwwerschloen.

De Chauffeur gouf dem Bulletin vum CGDIS no just liicht blesséiert, war awer a sengem Gefier ageklemmt an huet mussen vun de Rëmelenger an de Käler Pompjeeën erausgeschnidde ginn.

Wéi d'Police präziséiert, krut de Chauffer op der lénker Säit de Summerwee ze paken, nodeems en d'Kontroll iwwer säi Won verluer hat. Den Auto huet sech duerno iwwerschloen an ass um Daach leie bliwwen. Weider mellt d'Police, datt de Mann gedronk hat an de Permis agezu gouf.

Den Escher Samus-Noutdokter war am Asaz an d'Streck war wéinst de Botz- an Opraumaarbechten fir gutt eng Stonn gespaart.

Schonn kuerz virun 21 Auer war e Sonndeg den Owend e Motocyclist an der Rue Wiltheim an der Stad gefall. Och hie gouf liicht verwonnt.