Den Etienne Schneider huet um Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz säi Récktrëtt aus der Regierung ugekënnegt. Wat en duerno mécht, weess en nach net.

Bal 43 Minutten huet et am spéide Méindeg de Moien am Wirtschaftsministère gedauert, bis den nach-Haushär Etienne Schneider d'Kaz aus dem Sak gelooss huet: De 4. Februar 2020 wäert hie vum Grand-Duc Henri als Regierungsmember entlooss ginn. E Freiden eréischt krut de Vizepremier dee Rendez-vous beim Staatschef confirméiert.

Den Interview mam Etienne Schneider
Den Etienne Schneider war Invité um Plateau vum Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.
Den Etienne Schneider trëtt zeréck / Reportage Eric Ewald

Den 1. Februar 2012 huet den Etienne Schneider d'Geschécker nom fréizäitegen Depart vum deemolegen Wirtschaftsminister Jeannot Krecké am Wirtschaftsministère iwwerholl. Bal op den Dag genee 8 Joer no deem Datum wäert den Etienne Schneider seng Demissioun aus der Regierung dem Grand-Duc iwwerginn - an domat de Posten als Vizepremier, mä och d'Ressorten Ekonomie an Santé vakant loossen.

E Portrait iwwert den Etienne Schneider
Den Etienne Schneider huet um Méindeg de Moien op enger Pressekonferenz säi Récktrëtt aus der Regierung ugekënnegt. Wat en duerno mécht, weess en nach net.

"Ech ginn aus fräie Stécker an net op iergend en Drock hin." Dëst sot den Etienne Schneider virun der Press um Méindeg de Moien, wou hien natierlech och e längeren Bilan gemaach huet, wat ënnert senger Responsabilitéit an den Domainer Wirtschaft, der Energie, der banneschter Sécherheet, der Defense an der Santé geleescht gouf.

Net verheemlecht huet et den Etienne Schneider awer, datt déi lescht Wale kloer zu sengem Choix bäigedroen hunn.

Fir hie wier kloer gewiescht, datt hie selwer net méi kéint als Spëtzekandidat mat an déi nächst Walen goen.

Fir hie kéint et just nach an der Politik biergof goen, an dat wéilt hien net. Et wier e gudden Ament, well keng Lächer géifen an d'Regierung an d'Partei gerappt ginn. Duerfir wier et lo de richtegen Ament fir en neie Personnage, fir déi nächst 4 Joer, déi nach an dëser Legislatur bleiwen, opzebauen.

"Kee Frust, net verbattert, mä konsequent" - sou bezeechent den Etienne Schneider seng Decisioun - et wier dann och net seng Intentioun fir zur Belaaschtung fir seng Partei ze ginn.

Vill Optiounen als demissionéieren LSAP-Minister wéilt hien net wouer huelen: also keen Zeréck an d'Chamber an och keen héije Poste beim Staat, idem fir de congé sans solde, duerfir mécht den Etienne Schneider e "clear cut" - hie wéilt säi Liewen zréck!

Wat hien awer genee lo berufflech mécht, wéisst den Nach-Minister net. Hie géif awer net politesche Kommentator ginn.

Et hätte vill Telefonen an der Lescht ginn, mä all Offeren hätt hie refuséiert. Et wier lo un engem time-out fir sech ze zortéieren, sot de sozialistesche Politiker.

E méiglechen Wiessel an de Conseil vun ArcelorMittal bezeechent den Etienne Schneider als "Jalousie-Diskussioun", mä keng Diskussioun op Basis vun der Erfarung an dem Know-How vun Engem.

Wa sech d'Regierung mat där Demande géif un hien adresséieren, wéilt hie se da consideréieren, méi awer zu dësem Ament och net.

U sech wollt den 48 Joer alen LSAP-Spëtzepolitiker den Datum vu sengem Depart eréischt am neie Joer annoncéieren, mä dee Stéchdatum war net méi ze halen, nodeems et Drock bannent der LSAP, mä och vun anere Ministeren esou grouss gouf, datt de Minister Schneider um Méindeg de Moien huet missten de Schrëtt no vir man, an e fixen Depart-Datum z'annoncéieren.

Den Etienne Schneider huet, nodeems hien 2004 vum Jeannot Krecké an de Wirtschaftsministère erageholl gouf, eng impressionnant politesch Karriär hannert sech, nodeems hien in extremis 2012 zu Minister Éieren komm war.

Aus dem Plang, fir no den Neiwalen 2013 Staatsminister ze ginn, gouf näischt, wéi hien dem Xavier Bettel dee Posten huet missten an der Dräier-Koalitioun iwwerloossen.

An och 2018, wéi d'LSAP 3 Sëtz verluer huet, sollt et näischt mat de Staatsminister-Ambitiounen vum Etienne Schneider ginn, wéi hien nees Vizepremier gouf, an et mam Felix Braz deemools och nach e weideren Vizepremier gouf.

No 8 Joer um Poste vum Minister, zitt den Etienne Schneider lo also e Schlussstréch ënnert dës politesch Etapp vu sengem Liewen - hien dierft wuel an d'Privatindustrie wiesselen, wou et awer ausser Spekulatiounen a Rumeuren nach keng fix Aussoen ginn. An der Maach ass jo den Ament och en neien Deontologie-Code fir Ministeren, deen de präzisen Punkt soll reegelen, wann e Minister d'Regierung verléisst.

Reaktioun vum Nicolas Bück

„Wat hien ausgemaach huet, war seng Kompetenz a säin Asaz“, esou de President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises, Nicolas Bück. Et hätt bei him eng Leidenschaft fir d'Industrie an d'Entreprisë gespuert. Hien hätt ëmmer probéiert déi zwou Welte vum soziale Fortschrëtt an der wirtschaftlecher Entwécklung zesummen ze bréngen. Wat hien no senger Zäit als Minister mécht, wollt den Etienne Schneider jo net soen, ma den Nicolas Bück géif de geschwënn Ex-Wirtschaftsminister op alle Fall gutt an der Privatwirtschaft gesinn:

De Nicolas Bück iwwert den Etienne Schneider

„Hien huet natierlech ganz gutt Kontakter an der Wirtschaft an dat soll jo och erlaabt sinn, dass ee vun der Politik an d'Wirtschaft kënnt. An ech fannen dat och gutt, dass hie konsequent elo seet, säi politescht Liewe wier – bis elo mol – zu engem Schluss komm. Elo hëlt hien en anere Schrëtt, an ech mengen hien ass do och gutt opgehuewen, well dat ass eng Welt, déi hie wierklech gutt kennt.“

Hie wäert den Etienne Schneider als Wirtschaftsminister sécherlech och vermëssen, ma hie géif sech elo mol iwwerrasche loossen, wien da seng Nofolleg wäert untrieden an ob déi zwee Posten och op zwee Leit wäerten opgespléckt ginn.

Reaktioun vum René Winkin (Fedil) a Nora Back (OGBL)

Si hätten eng gutt Zesummenaarbecht mam Etienne Schneider gehat, esou den Direkter vun der Industriellefederatioun Fedil, René Winkin. Hien wier ëmmer engagéiert fir déi Secteuren agetrueden, déi hie vertrueden huet. Deemno géif hien op interessant a konstruktiv Jore mam Etienne Schneider zeréck kucken.

De René Wiking (Fedil) iwwert den Etienne Schneider

„Ech denken all Wirtschaftsminister kuckt a sengem Beräich e bëssen seng Akzenter ze setzen. Mam Etienne Schneider hate mer een, dee weiderhin déi hierstellent Industrie héich gehalen huet. Hien huet sech och fir déi agesat. Ma hien huet awer och Akzenter gesat, zum Beispill an der Date-gedriwwener Ekonomie, wou hie méi Wuesstem wollt generéieren. An ech mengen och, dass hie mat senger Initiativ vum Space Mining awer Lëtzebuerg op d'Landkaart gesat huet vun Innovatioun an Entwécklung an d'Zukunft.“

Dem Etienne Schneider säi Successeur als Wirtschaftsminister wäert sécherlech probéieren eegen Akzenter ze setzen, ma de René Winkin gëtt ze bedenken, dass eng Partie Weeër scho virgetrëppelt wieren. Zum Beispill misst déi digital Transformatioun an den nächste Jore begleet ginn an et bräicht een Ënnerstëtzung vun der Regierung bei der Attraktioun a Formatioun vun Talenter.

Op Gewerkschaftssäit wënscht een dem Etienne Schneider alles Guddes fir seng Zukunft. D'Presidentin vum OGBL, Nora Back, huet awer kloer Virstellungen, wat een sech vun engem zukünftege Wirtschaftsminister erwaart:

D'Nora Back (OGBL) iwwert den Etienne Schneider

„Mir kommentéieren natierlech net e perséinleche Choix vun engem Minister, egal a wéi enger Partei an et ass eis natierlech och wichteg dat ze respektéieren. Ech wënschen dem Etienne Schneider op dësem Wee natierlech alles Guddes an dass hie säi perséinlecht Gléck fënnt. Fir de Rescht wënsche mir eis onofhängeg vun der Persoun, déi dann op engem Ministerposte sëtzt, dass eng Politik gemaach gëtt, déi am Sënn vun de Leit ass. Dass eng Politik gemaach gëtt, déi och am Sënn vun den Interesse vum OGBL, dat heescht de schaffende Leit an hire Famillen ass. Ech mengen dat ass dee wichtegste Message, deen een hei ka mat op de Wee ginn.“

A béide Secteuren, der Wirtschaft an der Santé, géif ee viru groussen Erausfuerderunge stoen, an do missten déi sozial Interessen héich gehale ginn.

Den offizielle Communiqué vun der LSAP

Communiqué de presse du comité directeur du LSAP 23.12.2019

Concerne : Remaniement gouvernemental suite à la démission du Ministre de l’Economie et de la Santé Etienne Schneider

Le comité directeur du LSAP s’est réuni ce soir pour discuter d’une proposition à soumettre au conseil général du parti en vue du remaniement gouvernemental suite à l’annonce par le ministre de l’Economie et de la Santé Etienne Schneider de son départ du gouvernement fixé au 4 février 2020.

Le comité directeur prend acte de la décision d’Etienne Schneider. S’il la regrette, le comité directeur respecte cette décision, très personnelle, et tient à remercier Etienne Schneider pour ses longues années d’engagement au sein du parti, que ce soit au niveau de la politique communale à Kayl-Tétange, au sein de la fraction parlementaire, ou encore au gouvernement. Etienne Schneider aura marqué le LSAP de son empreinte au gouvernement au cours des 8 dernières années et restera dans les mémoires comme tête de liste aux élections 2013 et 2018 et en tant qu’architecte des coalitions progressistes forgées en 2013 et en 2018. Le bilan qu’il a dressé de son action au gouvernement, dans ses différents ressorts, est impressionnant et force le respect.

Le comité directeur prend acte de la décision de Marc Angel de se consacrer à son mandat européen.

Après discussion et analyse, le comité directeur du LSAP décide de proposer le remaniement suivant de son équipe gouvernementale au conseil général du parti :

  • En remplacement d’Etienne Schneider en tant que Ministre de l’Economie, il est proposé de nommer Franz Fayot, actuellement député et président du LSAP au poste de Ministre de l’Economie. Il est également proposé de nommer Franz Fayot au poste de Ministre de la Coopération et de l’Action Humanitaire.

  • En remplacement d’Etienne Schneider en tant que Ministre de la Santé, il est proposé de nommer Paulette Lenert, Ministre de la Protection des consommateurs et actuelle Ministre de la Coopération et de l’Action Humanitaire. Il est également proposé de nommer Paulette Lenert, Ministre déléguée à la Sécurité Sociale.

  • En remplacement d’Etienne Schneider en tant que Vice-Premier Ministre, il est proposé de nommer Dan Kersch, Ministre du Travail et du Sport, comme nouveau Vice-Premier Ministre.

Le conseil général du LSAP sera convoqué pour le 8 janvier 2020.

Communiqué par le LSAP en date du 23.12.2019.