CattenomEDF keeft Terrain, mä net fir neie Reakter

RTL Lëtzebuerg
Heiheem goufe sech Suerge gemaach wéinst der Nouvelle, dass EDF ronderëm d'Atomzentral zu Cattenom massiv Terrain opkafe géif.
© AFP

Den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo wollt vun de Ministere fir Gesondheet an Ëmwelt Prezisiounen.

Déi confirméieren, dass EDF 6 Hektar kaaft huet. Et géif sech ëm een einfache Remembrement handelen. Deen neien Terrain géif och net de Bau vun engem weidere Reakter erlaben.

Wat eventuell nei Reakteren um aktuelle Site betrëfft, géif d’Decisioun fréistens an 2 bis 3 Joer falen.

PDF: Äntwert vum Carole Dieschbourg an Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo

Back to Top
CIM LOGO