Ëffentlechen Transport no FeierdagshoraireFir d'Geschäftsleit ass den Dezember een Heemount

Christophe Hochard
Chrëschtdagskaddoe konnt een nach bis Hellegowend selwer um 16 Auer kafen. Busser fuere vun 20 Auer un um Feierdagshoraire.
Fir d'Geschäftsleit ass den Dezember een Heemount
Bis um Dënschdeg um 16 Auer huet der nach Zäit fir är lescht Chrëschtdagskaddoen ze kafen, duerno maachen déi meescht Butteker zou.

Bis dohinner goufen et jo genuch Geleeënheeten, fir de Feierdagsshopping mat verkafsoppene Sonndeger an och enger Offer, déi mat neien Akafszentren nach zougeholl huet: fir d’Geschäftsleit deemno een Heemount.

Déi 4 Sonndeger viru Chrëschtdag waren d’Geschäfter fir d’Konsumenten op. An dës verkafsoppenen Deeg haten och dëst Joer nees Succès, ob elo d’Butteker op der grénger Wiss oder an der Stad Lëtzebuerg.

Um Geriicht hunn d’Büroe just bis 12 Auer op, wann een zum Beispill misst e Casier sichen goen. An der Stad an zu Dikrech ass awer tëscht 14 an 18 Auer eng Permanence ageriicht, fir Prozeduren, déi un Delaien gehal sinn.

Bei der Police bleiwen déi 12 grouss Regional-Kommissariater och d’Feierdeeg iwwer 24 Stonnen op 24 op.

Den ëffentlechen Transport ass um Dënschdeg den Owend u sech bis 20 Auer normal ënnerwee. Op Chrëschtdag an op Stiefesdag gëllt de Feierdagshoraire.

Back to Top
CIM LOGO