Fayot, Lenert a Kersch solle Schneider ersetzen

© RTL
De Comité directeur vun der LSAP huet sech e Méindeg den Owend zesummegesat, fir dem Conseil général dës Propos ze maachen.
De Parteipresident Franz Fayot soll deemno Wirtschaftsminister ginn a soll dobäi och de Kooperatiounministère vum Paulette Lenert iwwerhuelen.
D'Paulette Lenert, déi deen Ament de Kooperatiounsministère géif ofginn, géif dann als Gesondheetsministesch a Fro kommen. Si kritt dann och als Ministre déléguée de Ressort vun der Sécurité sociale dobäi.
Den Dan Kersch géif säi Ministère behalen an dobäi nach de Poste vum Vizepremier iwwerhuelen.
De Conseil général kënnt den 8. Januar 2020 beieneen.
De Comité directeur hëlt dann och zur Kenntnis, dass de Marc Angel säin europäescht Mandat wäert unhuelen.
Den Deputéierten, Diddelenger Buergermeeschter a SYVICOL-Vizepresident Dan Biancalana ass als Partei-Vizepresident wuel gefrot ginn, fir d'Presidence z’iwwerhuelen. Hie seet sech awer op Grond vun deenen eenzelen Aufgaben net disponibel fir dee Posten.
De Vizepresident vun der Partei wëll awer an Zukunft mat dem nächste President oder der nächster Presidentin gutt zesumme schaffen.
Interview mam Franz Fayot
Mir hunn um Dënschdeg de Moien via Telefon mam Nach-Partei-President Franz Fayot geschwat, iwwert dat wat e Méindeg am Comité directeur zeréck behale gouf, an dobäi natierlech och iwwert déi Punkten, déi hien direkt concernéieren.
No ronn engem Joer gëtt de Franz Fayot de Poste vum LSAP-President deemno schonn nees op. D’Ministesch-Poste wieren en Challenge, awer och Strategie.
Franz Fayot: Et ass en Challenge, dee mech staark interesséiert. Et muss awer elo nach vum Generalrot approuvéiert ginn. Mir mussen och strategesch nodenken, en Vue vun de Walen 2023. Och am Zentrum, wou mer en neit Zuchpäerd brauchen, wann den Etienne Schneider keng Politik méi mécht an do net méi zur Verfügung steet. Parteipresident huet mech ëmmer staark motivéiert, an ech hunn dowéinst och vill do gemaach. Ech halen also mat engem kräischenden Aen op. Eis Statuten erlaben de Cumul Parteipresident a Minister awer net. Dat ass esou am Liewen, et muss ee sech entscheeden. An ech hu mech decidéiert, mech deem Challenge do ze stellen an ech hoffen, datt de Generalrot dat dann och esou wäert acceptéieren.
Deemno brauchen d’Sozialisten nees eng nei Partei-Spëtzt. Eng Presidentin, oder e President, deen da vum Kongress muss bestëmmt ginn.
Franz Fayot: Den neie Parteipresident oder Parteipresidentin, muss op engem Kongress gewielt ginn. Op engem uerdentleche Kongress, dee relativ séier muss aberuff ginn, wann de Generalrot déi Decisioun geholl huet, an den neie Regierungsmember ugangs Februar da vereedegt gëtt. Elo ass et nach ze fréi ze soen, wien dat ass. Dat muss de Kongress decidéieren. Do musse mer och parteiintern kucken, wéi eng Kandidaturen et ginn, a wien déi ideal Persoun ass. Ween dee beschte Profil huet, fir déi Reforme weider ze bréngen, fir d'Partei gutt opzestellen en Vue vun den nächste Walen.
Ween dat dann kéint sinn, doriwwer kéint de Franz Fayot iwwerdeems den Ament nach näischt soen.
Den 8. Januar kënnt jo mol de Generalrot beieneen, wou d’Regierungsdecisiounen da solle guttgeheescht ginn. Eréischt wann dat geschitt ass, géif een intern kucken, wien interesséiert wier, d’Partei-Leedung an Zukunft ze iwwerhuelen.
Als zweete Ressort nieft der Wirtschaft, soll de Franz Fayot iwwerdeems och d’Cooperatioun iwwerhuelen, déi bis ewell vun der Paulette Lenert geleet gouf. Fir hie keng Musse-Saach, mä e perséinleche Choix.
Franz Fayot:Et ass sécher keng Mussesaach, mä eng Häerzensugeleeënheet. Et ass ee Ressort, dee mech staark interesséiert. Besonnesch well onsen Engagement am Developpement an och an der Aide humanitaire ganz wichteg ass fir eist Land. De Budget, dee mer drop setzen, déi Politik déi mer do maachen. Et ass net nëmmen e staarkt Signal, mä eng wichteg Politik fir e räicht Land wei Lëtzebuerg, wou mer eng ganz gutt Aarbecht an der Vergaangenheet gemaach hunn. A wou et mech ganz staark interesséiert, fir mech och doranner eranzeschaffen an ze implizéieren.

© RTL-Archiv
Den offizielle Communiqué vun der LSAP
Communiqué de presse du comité directeur du LSAP 23.12.2019Concerne : Remaniement gouvernemental suite à la démission du Ministre de l’Economie et de la Santé Etienne Schneider
Le comité directeur du LSAP s’est réuni ce soir pour discuter d’une proposition à soumettre au conseil général du parti en vue du remaniement gouvernemental suite à l’annonce par le ministre de l’Economie et de la Santé Etienne Schneider de son départ du gouvernement fixé au 4 février 2020.
Le comité directeur prend acte de la décision d’Etienne Schneider. S’il la regrette, le comité directeur respecte cette décision, très personnelle, et tient à remercier Etienne Schneider pour ses longues années d’engagement au sein du parti, que ce soit au niveau de la politique communale à Kayl-Tétange, au sein de la fraction parlementaire, ou encore au gouvernement. Etienne Schneider aura marqué le LSAP de son empreinte au gouvernement au cours des 8 dernières années et restera dans les mémoires comme tête de liste aux élections 2013 et 2018 et en tant qu’architecte des coalitions progressistes forgées en 2013 et en 2018. Le bilan qu’il a dressé de son action au gouvernement, dans ses différents ressorts, est impressionnant et force le respect.
Le comité directeur prend acte de la décision de Marc Angel de se consacrer à son mandat européen.
Après discussion et analyse, le comité directeur du LSAP décide de proposer le remaniement suivant de son équipe gouvernementale au conseil général du parti :
En remplacement d’Etienne Schneider en tant que Ministre de l’Economie, il est proposé de nommer Franz Fayot, actuellement député et président du LSAP au poste de Ministre de l’Economie. Il est également proposé de nommer Franz Fayot au poste de Ministre de la Coopération et de l’Action Humanitaire.
En remplacement d’Etienne Schneider en tant que Ministre de la Santé, il est proposé de nommer Paulette Lenert, Ministre de la Protection des consommateurs et actuelle Ministre de la Coopération et de l’Action Humanitaire. Il est également proposé de nommer Paulette Lenert, Ministre déléguée à la Sécurité Sociale.
En remplacement d’Etienne Schneider en tant que Vice-Premier Ministre, il est proposé de nommer Dan Kersch, Ministre du Travail et du Sport, comme nouveau Vice-Premier Ministre.
Le conseil général du LSAP sera convoqué pour le 8 janvier 2020.
Communiqué par le LSAP en date du 23.12.2019.