Chambre de CommerceDen Impakt vum Coronavirus op déi Lëtzebuerger Ekonomie

Annick Goerens
Besonnesch Entreprisen, wéi de Lëtzebuerger Autoszouliwwerer IEE, déi selwer a China produzéieren, géingen d'Konsequenze spieren.
Coronavirus huet gerengen Impakt op Lëtzebuerg
Duerch dei rasant Verbreedung vum Virus fäerten vill Betribber weltwäit dat et zu Produktiounsausfäll an Liwwerungs-Engpäss kennt.

Den Impakt vum Coronavirus op d’Lëtzebuerger Wirtschaft ass den Ament nach zimmlech limitéiert, erkläert de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce. D’Gesamt-Exporter a China, maachen 1,2 Prozent vun all den Exporter aus an och bei den Importer wären et just 1,2 Prozent. Ma besonnesch Entreprisen, wéi de Lëtzebuerger Autoszouliwwerer IEE, déi selwer a China produzéieren, géingen natierlech d’Konsequenze spieren. An net ze vergiessen de Logistik-Secteur, erkläert de Carlo Thelen:

De Carlo Thelen iwwert de Corona-Virus an d’Ekonomie

„Och Firme wéi eng Cargolux déi natierlech vill regulär Vollen dorower huet. An natierlech sinn déi impaktéiert, awer och aner Logistik-Firmen. An dann natierlech och Firmen déi op der Plaz produzéieren. Do ass et eben sou, dass déi Firmen hiert Personal doheem musse loossen an net kënne produzéieren. An do gëllt et natierlech ze kucke fir dass nees sou séier wéi méiglech opgeet. An dat geet just wann de Virus agedämmt ass. T’ass natierlech sou, dass den Tourismus och elo impaktéiert ass. Och vill Lëtzebuerger déi a China wollte fléien, op d’Rees goen, dat ass elo an der Zäit no hanne geréckt, mee soubal d’Situatioun ënner Kontroll ass, dat kann dat nogeholl ginn.“

Déi Chinesesch Wirtschaft, als weltwäit 2. gréissten Ekonomie, hätt haut vill méi e groussen Impakt op d’Weltwirtschaft wéi nach 2003, wärend dem SARS-Virus, sou de Carlo Thelen. Wann déi also géing an d’Stocke geroden, da géing och déi europäesch Wirtschaft dat däitlech spieren, sou den Direkter vun der Chambre de Commerce.

RTL.lu: Reaktioune vun der IEE an der Commerzbank

Back to Top
CIM LOGO