Iwwerall sinn d’Grondrechter massiv ageschränkt ginn, och bei eis am Land. Mat de Covid-Gesetzer sollen déi aktuell sanitär Mesuren an e Gesetzestext afléissen. Och nom Etat de Crise ass d’Pandemie net eriwwer. Mee wéi wäit dierf d’Aschränkung vun de Grondrechter goen, fir d’ëffentlech Gesondheet ze schützen? De Professer Stefan Braum - fréieren Dekan vun der Droitsfakultéit a Professer fir Strofrecht vun der Uni Lëtzebuerg - war en Dënschdeg den Owend am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg.
Hie gesäit de Projet de loi 7606, deen eis direkt als Bierger betrëfft, deels ganz kritesch. Virun allem ee Punkt: “Die Zwangseinweisung empfinde ich als einen sehr schweren Eingriff in die Grundrechte, so wie er hier vorgesehen ist, der zudem auch noch über den Ausnahmezustand hinausgeht. Diese Regelung muss am besten abgeschafft werden oder darf gar nicht in dieses Gesetz hineinkommen, weil es zum einen an einer klaren bestimmbaren Formulierung der Voraussetzungen fehlt, zum anderen weil der Verhältnismäßigkeitsgrundsatz nicht im Text auftaucht also nicht abgewogen wird, welches mildere Mittel es dafür vielleicht gibt und die Justizielle Kontrolle für diese Einweisung ist nicht gegeben. Der Richter soll nach 48 Stunden, also nach zwei Tagen entscheiden können. Das erscheint mir nicht tragbar.”
Och iwwert den Dateschutz misst nach diskutéiert ginn. D’Donnéën, zum Beispill iwwer méiglech Kontakter vun infizéierte Persoune kënnen elo schonn, och ouni Applikatioun, vun der Santé gesammelt ginn. Hei bréicht ee kloer Detailer, wéini d’Date geläscht ginn a woufir se genee gesammelt ginn.
Et wier wichteg, esou de Professer Braum weider, dass sech elo Zäit geholl gëtt, fir en anstännegt Infektiouns- oder Pandemiegesetz auszeschaffen.
