Duerch d’Enquête OpenLux stoung Lëtzebuerg dës ganz Woch am Fokus vun der internationaler Press. Dat wéinst dem Verdacht, dass iwwer Lëtzebuerger Bréifboîttefirmaen engersäits Steiere gespuert ginn an anerersäits Sue wäissgewäsch ginn. Eng vun den Haaptinstanzen hei am Land, fir géint de Blanchiment virzegoen, ass d’Cellule de renseignement financier, kuerz CRF. An déi huet och all Hänn voll ze dinn.
Ronn 50.000 Mol kritt d’CRF am Joer Verdachtsmeldungen op Blanchiment oder Terrorismusfinanzéierung aus dem Privatsecteur. Obscho fir si déi genau Kontroll e finanzielle Verloscht ka bedeiten, sinn hei nämlech per Gesetz all d’Acteuren – vum Immobilienagent iwwert de Banquier bis bei de Notaire – verflicht, der CRF ze mellen, wa si zum Beispill net genau konnten erausfannen, wou d’Suen hierkommen, déi hire Client wëll benotzen, fir am Grand-Duché z’investéieren oder wann dëse schonn duerch negativ Schlagzeilen opgefall ass, wéi den Direkter vun der CRF, Max Braun, erkläert.
„Ganz vill Professioneller benotzen Datebanken, wou all negativ Informatiounen dra rezenséiert sinn. An déi maachen dann e reegelméissegen Name-Screening, wou si gesinn, wann ee vun hire Clienten an negative Presseartikelen optaucht. An da mussen si appreciéieren, wat si mat deem Client maachen.”
Ma an engem Artikel negativ erwäänt ze ginn, geet awer net duer, fir zu Lëtzebuerg seng Firma ze verléieren.
„Et ass net, well een, deen an enger Societéit ass, op eemol negativ bekannt ass, dass een déi Societéit einfach esou kann opléisen oder dass een déi einfach aus dem Regëster kéint ausmaachen. Dat ass net virgesinn. Wat ee ka maachen, dat ass esou eng Societéit en liquidation judiciaire setzen, wann déi Soupçone vu Blanchiment méi seriö sinn. An et ginn och all Joer eng ganz Rei Gesellschaften a Lëtzebuerg en liquidation judiciare gesat.”
Allgemeng wier kloer, dass et bei esou enger grousser Finanzplaz Risike fir Blanchiment géife ginn, esou de Max Braun. Ma dat wier och vu Lëtzebuerg assuméiert. Et misst een ebe just kucken, dës ze geréieren.
Den direkten Impakt vun esou Enquêten, wéi se aktuell an der Press stinn, hält den Direkter vum CRF awer fir relativ kleng.
„Ech mengen elo net, dass fir ons intern déi Presseartikelen, déi elo waren, grouss eppes änneren. Mir si souwisou a konstanter Evolutioun. Mir liesen déi ganzen Zäit, wat zum Beispill de GAFI publizéiert, mä och wat international Organisatiounen iwwer CRFe schreiwen. Mir liesen dat a mir probéieren dat ëmmer z’applizéieren hei zu Lëtzebuerg.”
Den Ament schaffen 28 Leit fir d’CRF a geet et dem Max Braun no, sollen dat der an den nächste Joren awer konstant méi ginn.