Kritik u Strategie“Null Offall Lëtzebuerg” schued der Kompetitivitéit, sou d'Chambre de Commerce

RTL Lëtzebuerg
D’Strategie “Null Offall Lëtzebuerg” vun der Regierung riskéiert, der Kompetitivitéit vum Land ze schueden, sou d’Chambre de Commerce.

Dat seet d’Chambre de Commerce an hiren Avisen zu 3 vun den 8 Gesetzprojeten, déi d’Null-Offall-Strategie sollen ëmsetzen.

D’Handelskammer bedauert, datt d’Regierung iwwert d’europäesch Direktiven erausschéisse géing an dat zu zousätzleche Contraintë fir d’Betriber géing féieren.

D’Chambre de Commerce betount awer, datt se voll a ganz hannert der Strategie steet, fir op eng Kreeslafwirtschaft ëmzestellen, d’Ressourcen ze schounen an d’Ëmwelt ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO