
Dat sougenannten e-Bichelchen, dat zanter September an der Grondschoul fir d’Organisatioun vun den Hausaufgaben an den Asaz kënnt, ass den Ament nach an der Testphas a soll réischt vun der nächster Rentrée un “all Dag an iwwerall an den Asaz kommen”, dat geet aus der Äntwert vum Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV ervir.
D’e-Bichelche soll awer an den nächste Schouljore permanent ausgebaut ginn an och deemnächst als App fir de Smartphone disponibel sinn. Den Ament wier et virun allem geduecht, fir de Suivi vun den Hausaufgaben doheem an an der Maison relais ze maachen. An Zukunft kéinten och zum Beispill d’Absencen iwwert den Outil geréiert ginn. Ausgeschafft gouf d’Applikatioun vum sougenannte Centre de gestion informatique de l’éducation. Den Educatiounsministère gesäit eegenen Aussoen no net d’Gefor, datt d’Leit duerchernee ginn, well just eng eenzeg Applikatioun fir d’Kommunikatioun benotzt soll ginn.