Vott kuerz virun de WalenDecisioun zu neiem Conservatoire du Nord suergt fir schif Téin

Marc Hoscheid
Zu Dikrech gouf an där rezenter Gemengerotssëtzung een Acte de Vente ugeholl. D'Oppositioun werft der LSAP ee schlecht Demokratieverständnis vir.
© RTL-Archiv

Am Virfeld vun der Sëtzung haten d’CSV an d’DP zesummen eng Motioun eragereecht, an där gefuerdert gëtt, datt de Vott iwwert den Acte de Vente an Héicht vu knapp 10 Milliounen Euro mat der Seniorenresidenz Diekirch s.à.r.l. vum Ordre du jour geholl soll ginn. Dës Decisioun sollt deen neie Gemengerot huelen. Wärend déi Gréng d’Fuerderung ënnerstëtzt hunn, huet d’LSAP, déi 7 vun 13 Conseilleren stellt, d’Motioun verworf. Dat stéisst dem CSV-Conseiller a Spëtzekandidat Charel Weiler sauer op. Hie kritiséiert, datt d’Oppositioun ni richteg an de Projet agebonne gi wier an de Promoteur dofir entschiedegt soll ginn, datt hien op dëser Plaz keng Seniorenresidenz opriichten duerft.

Decisioun zu neiem Conservatoire du Nord suergt zu Dikrech fir schif Téin

“Wou hei ganz einfach d’Gewënnmarge vun engem Promoteur ausbezuelt ginn, fir net realiséierbar Projeten. Dat ass fir eis inakzeptabel. Mir hu vun Ufank u gesot, datt de Montant einfach ze héich ass. A wann een elo d’Piècen am Dossier kuckt, confirméiert sech just, datt et vill ze vill deier ass a Suen zur Fënster erausgeheit gi sinn. Suen, déi och net do sinn.”

De Buergermeeschter Claude Thill weist dës Kritik zeréck. De Gemengerot wier vun Ufank un, méi genee zanter Januar 2022, an de Projet involvéiert gewiescht. Eng néi Majoritéit kéint vläicht géint de Projet sinn, mee als LSAP-Dikrech wier ee n dervun iwwerzeegt.

“Fir eis ass de Präis gerechtfäerdegt, mir kafe jo net een Terrain op deem näischt geschitt ass, mee mir kafen ee Projet um Niveau Avant-projet définitif, deen esou an deem Dossier kann a Soumissioun goen. An all d’Fraisen déi virdrun domadder verbonne waren, fir dAusschaffe vun deem Projet, sinn domat bezuelt.”

Interessant ass iwwerdeems, datt dee Grénge Conseiller Frank Thillen zwar derfir war, de Punkt vum Ordre du jour ze huelen, ma dono net géint de Projet gestëmmt mee sech enthalen huet. Hei hält ee sech vläicht en vue vun enger méiglecher Koalitioun nom 11. Juni eng Dier a Richtung vun der LSAP op.

Communiqué CSV Dikrech

Back to Top
CIM LOGO