Serie Stater Kierchen (1)D'Kierch vum Hellegen Théiwes am Pafendall: Desakraliséierung?

Monique Kater
Enn 2024 lafen d'Konventiounen tëschent der Stad Lëtzebuerg an de Kierchefabricken aus.
Serie Stater Kierchen (1): Desakraliséierung? An dono?
Enn 2024 lafen d’Konventiounen tëschent der Stad Lëtzebuerg an de Kierchefabricken aus.

Et gëtt iwwer eng Rei Desakraliséierunge spekuléiert – de Bistum confirméiert bis elo eng: mam Auslafe vun der Konventioun, den 1. Januar 2025, steet d’Entweiung vun der Kierch am Rollengergronn um Programm. Weider Kierche wieren déi am Pafendall an eventuell d’Clausener Ste-Cunégonde.

An eiser Serie kucke mer eis déi 3 Kierche méi genee un, hir Geschicht grad ewéi hir aktuell an eventuell zukünfteg Notzung.

D’Kierch vum Hellegen Théiwes am Pafendall: Desakraliséierung?

D’Stad Lëtzebuerg seet sech Proprietär vun 21 Kierchen op hirem Territoire a verlount déi un déi verschiddene Glawensgemeinschaften. D’Benotzung vun dëse Kierchen ass iwwer Konventioune gereegelt. Déi hale fest, dass de Proprietär sech ëm d’Maueren an de Locataire sech ëm d’Fonctionnementskäschte vun de respektive Gebailechkeete bekëmmert. Wann eng Kierch awer net méi als Lieu de Culte genotzt gëtt, stellt sech d’Fro no hirer Desakraliséierung. An dat wäert an annerhallwem Joer enger, an eventuell zwou weidere Stater Kierche bléien.

Eng Kierch mat anerer Glawensgemeinschaft – orthodox Chrëschten aus Rumänien

D’Eglise St-Mathieu gëtt vun de Katholicken net méi gebraucht, well och wann emol eng Begriefnes-Mass wier, géif déi an der Kapell vum Pafendaller Hospice Civil gehale ginn. Virun e puer Joer huet den Historiker Alex Langini sech dofir agesat, dass déi rumänesch-orthodox Glawenscommunautéit an dëser Kierch hir Massen dierf zelebréieren.

Nodeems dat vum Bistum guttgeheescht war, gouf eng Ikonostase, eng Zort Paravent aus 3 Deeler, tëscht d’Kiercheschëff an Altor opgeriicht an dunn och feierlech geweit. Zënterhier ginn an der Kierch vum Hellegen Théiwes orthodox Massen zelebréiert, mat ganz ville Gleewegen. Et wier e Raum, deen also ëmmer nach als Kierch benotzt géif, confirméiert den Historiker Alex Langini.

De Ion Tirgoala ass ee vun de Paschtéier vun den orthodoxe Chrëschten a seet sech a seng Gemeinschaft hei am Pafendall doheem. Hei kéimen d’Leit och zesumme wann hir Heemecht hinne géif feelen, hei wier eng Plaz, wou hir Sprooch geschwat an hir Traditioune gelieft géifen.

Geschicht vun der Théiwes-Kierch

Wéinst Manktem u Plaz tëscht Fiels a Strooss gouf d’Kierch a Kräizform gebaut. Ganz fréier, ëm 1050, war hiren Tuerm anengems Festungstuerm, den Zwilling vun der St Ulric am Gronn.

Am 2. Weltkrich gouf d’Kierch am Pafendall dunn eng Stopp fir ugangs zwee an dono sechs Lëtzebuerger Jongen, déi méintelaang iwwert dem Duxall gelieft hunn an déi d’Gestapo, bis zum Schluss, net fonnt huet.

Eng Kierch mat ongewësser Zukunft

Den orthodoxe Paschtouer Ion Tirgoala wier frou, an der Théiwes-Kierch kënnen ze bleiwen. Och nodeems d’Konventioun tëscht der Stad an der zoustänneger Kierchefabrick ofgelaf ass. Haut géinge si sech och schonn ëm den Ënnerhalt vum Gebai këmmeren. Eng Desakraliséierung wier net decidéiert, seet hien.

Eng Serie iwwer d’Zukunft vun dräi Stater Kierchen

Wann d’Desakraliséierung vun der Pafendaller Kierch och vum Bistum nach net confirméiert ass, wäert d’Kierch am Rollengergronn awer 2025 als kathoulesch Kierch desakraliséiert ginn.

Haut gëtt si vu Kopten aus Eritrea genotzt, enger orthodoxer Glawensgemeinschaft, déi samschdes a sonndes am Rollengergronn zesummekënnt.

D’Kierch, déi dem Hellegen Antonio vu Padua geweit ass, ass Thema am 2. Deel vu eiser Serie.

Link: Serie Stater Kierchen (2): Desakraliséierung? An dono?

Back to Top
CIM LOGO