
Deemno ass et fir den Ament nach net decidéiert, ob déi beschëllegt Polizisten e Prozess gemaach kréien oder net. Déi Entscheedung hëlt um Enn déi sougenannte Chambre du conseil. D’Faite ginn op den Nuetsmarathon vu virun engem Joer zréck. Am Ganze ware 4 Poliziste verhaft ginn, well se sollen eng alkoholiséiert Persoun an der Ausniichterungszell geschloen a probéiert hunn, d’Faiten ze vertuschen.