Prozess ëm Doutschlag beim Terrain vun Escher JeunesseEe weist sech schockéiert, deen anere wéineg beandrockt

Diana Hoffmann
De fréieren Trainer vun der Jeunesse Esch huet sech mussen um Freideg an zwou verschiddenen Affäre virun de Riichter an der Stad veräntwerten.

D’Wuert nach eng Kéier um Schluss vum Prozess huelen, wollt e Freideg kee vun den zwee Ugekloten am Prozess ëm Kierperverletzung an Doutschlag nieft dem Terrain vun der Jeunesse Esch an der Hiehl. Am Januar 2023 war an der Suitte vun Ausernanersetzungen e 25 Joer ale Refugié aus dem Irak hei ëm d’Liewe komm. Um véierten a leschten Dag vum Prozess waren d’Affekote mat hire Plaidoirie drun.

“Den trageschen Doud dierf net dat exemplarescht Verhale vum Papp schmähleren”, sou den Affekot vun dësem. Hien huet op legitim Defense an Excuse de provocation plaidéiert. Zu deem Ament, wou de Mann gesinn hätt, dass Gewalt net méi néideg ass, hätt hien opgehalen, an och deenen aneren zwee Männer gesot opzehalen. Säi Mandant hätt Zivilcourage bewisen, well eng reell Gefor do war. “Hien huet gemaach, wat proportional néideg war, fir den Ugräifer um Buedem ze halen”, sou den Affekot. A weider: “E Fräisproch ass Gerechtegkeet”.

Wärend der Plaidoirie vu sengem Affekot huet den Ugeklote selwer di meescht Zäit stuer viru sech op de Buedem gekuckt. Mat Amenter huet e geréiert gewierkt. Hien hätt bis haut mat de Suitte vun deem, wat passéiert ass, ze kämpfen, sou säin Affekot. De fréiere Jugendtrainer vun der U13-Ekipp vun der Escher Jeunesse huet sech da manner beandrockt gewisen, vun deem wat him reprochéiert ginn ass. Säin Affekot hat deemno e méi schwéiere Stand.

An de leschte Prozessdeeg huet et nämlech ëmmer nees geheescht, dass den Ugräifer, wou en um Buedem um Bauch louch, immobiliséiert gewiescht wier a seng Messer virdrun ewechgehäit gehat hätt. “Et gëtt Zweiwel iwwer den Deroulement vun der Zeen”, sou den Affekot. An dovunner misst säi Mandant profitéieren. Dësen hätt ni d’Intentioun gehat, de Mann ëmzebréngen. Hien hätt dat spéidert Affer, wat sech ëmmer nach gewiert hätt, wollten drun hënneren opzestoen an net gewosst, ob dat villäicht nach e weidert Messer bei sech gehat hätt. Säi Mandant huet de Mann du mat dem Mann sengem Messer dräi Mol an den Uewerschenkel gestach. Vue d’Plaz, déi a ganz seelene Fäll déidlech wier, kéint een net soen, dass säi Mandant hätt wëllen de Mann ëmbréngen. “Hien huet eng Roll gespillt, déi e sech net siche war”, sou den Affekot, a fuerdert dofir am Fall vun enger Prisongsstrof e substantielle Sursis.

D’Famill vum verstuerwene Refugié aus dem Irak huet sech dann als Partie civile constituéiert. Papp, Mamm a Brudder hunn hei e Schuedenersatz vu jee 50.000 Euro gefuerdert. D’Riichterin huet awer drop higewisen, dass Piècë géinge feelen, déi iwwerhaapt géinge kloer maachen, dass et wierklech seng Eltere wieren. Dës liewen ëmmer nach am Irak.

D’Urteel an dëser Affär gëtt de 24. Abrëll gesprach

E weidere Fall, an deem dem Trainer Kierperverletzung reprochéiert gëtt

Och an enger anerer Affär ass de 24. Abrëll den Datum vun engem Urteel an éischter Instanz. Veräntwerte virun de Riichter huet sech nees eng Kéier mussen de fréieren Trainer. Dat wéinst Kierperverletzung vis-à-vis vu senger Partnerin. Him gëtt reprochéiert dës geschloen ze hunn, mat Fäischt a Féiss, a se menacéiert ze hunn. Dat mat engem Messer a verbal. Et geet ëm enger Hand voll Fäll tëscht 2021 an 2024.

“Vill Saache sinn tëscht eis geschitt. Mer hunn eis vill gestridden”, sou d’Partnerin. Wou si d’Plainte gemaach hätt, hätt si virun allem Angscht gehat wéinst de Menacen. Hire Partner hätt gesot, si ëmzebréngen. Ma virun de Riichter e Freideg huet si d’Faiten erofgespillt. Och si hätt sech gewiert a Saachen iwwerdriwwen duergestallt. “Mir hunn eng Entente fonnt”, sou di jonk Fra. Si als Koppel hätten elo zwee Kanner, eent vun zwee an eent vun dräi Joer, a si wieren och aner Leit wéi mat 19 Joer.

Di virsëtzend Riichterin huet d’Fro gestallt, wisou si nach beim Mann wier no deene repetitive Virfäll. “Et ass einfach vu baussen ze jugéieren. Mee wann een an der Situatioun ass... de Moment wäert eng Kéier kommen, mee et ass net esou wäit”, sou déi dach widderspréchlech Äntwert vun der Partnerin, déi net beim Ugeklote wunnt, mee bei hirer Mamm.

Den Ugekloten huet da gesot, dass hien trotz Iwwersetzung näischt verstanen hätt, wat op Lëtzebuergesch geschwat gi wier, well et ze séier gaange wier. Hien huet sech net méi kooperativ wéi an där Affär virdru gewisen an et zäitweis u Respekt vis-à-vis vun de Riichter feele gelooss. “Ech hunn d’Gewunnecht mat äre Menacen”, huet hien zum Beispill der virsëtzender Riichterin reprochéiert.

De Parquet freet an dëser Affär 2 Joer Prisong mat eventuellem Sursis an eng Geldstrof.

Parquet freet 18 Joer Prisong fir Trainer vun Escher Jeunesse: “Ech hu gesot: Jongen, et geet duer, et ass lo gutt” (13.3.25)

Back to Top
CIM LOGO