Lëtzebuerger Privatbësch ASBLNieft Klimawandel och Réi an Hirsch fir d'Bëschstierwe responsabel

Monique Kater
D'ASBL Lëtzebuerger Privatbësch huet en däitschen Expert invitéiert, deen eng nei Strategie fir d'Juegd fir Nordrhein-Westfalen opgestallt huet.
Ze grousse Wëldbestand eng Gefor fir eis Bëscher
Besëtzer vu Bëscher sollten dës selwer geréieren, respektiv selwer do op d’Juegd goen, ma fir Lëtzebuerg wier dat schwiereg.

Déi ze vill héich Zuel u Réi verhënnert, dass verschidde Bamzorten iwwerliewen an an eise Bëscher eng Biodiversitéit entsteet, déi dem Klimawandel kann d’Stier bidden, warnen d’Vertrieder vun der ASBL Lëtzebuerger Privatbësch. Virun allem déi klimaresistent Eeche wiere vum Wëldverbass betraff. D’ASBL plaidéiert dofir, fir eng aner Form vu Juegd an huet fir en Donneschdeg en däitschen Expert invitéiert, dee fir Nordrhein-Westfalen eng Strategie huet, déi och fir Lëtzebuerg kéint opgoen.

Zu méi Jeeër, méi Réi schéissen
Nëmme mat enger méi intensiver Juegd kéinten eis Bëscher iwwerliewen, sou de Frank Christian Heute. De Wëld-Ekologist huet den Zoustand vun de Bëscher an NRW analyséiert a gekuckt, wéi d’Juegd do organiséiert gëtt. Et wier erauskomm, dass et dem Bësch do besser géing, wou de Proprietär selwer joe geet an op de Wëldverbass reagéiert. Zu méi Jeeër méi schéisse géif besser Resultater bréngen.

Net optimal: eng Bëschverjüngung hanner Gatter
D’Bëscher solle sech selwer kënnen erneieren, amplaz dass de Mënsch agräift an déi jonk Beem fir d’Éischt viru Réi an da virum Hirsch schützt. Wann d’Réi am Ufank déi jonk Schëtz ofknabbert, ass den Hirsch, wann de Beemche méi héich gewuess ass, un der Schuel intresséiert, erkläert de Patrick Losch vun der ASBL Lëtzebuerger Privatbësch. Virun allem den Eechen hir Chance z’iwwerliewen, wier extrem kleng – u Bierken, Bichen a Kifere wier d’Wëld awer kaum intresséiert. Méich een näischt géint déi ze vill héich Zuel un Hirsch a Réi, misst een, fir de Bësch z’erhalen, dee komplett mat Gatteren zoumaachen.

Lëtzebuerger Privatbësch ASBL fuerdert eng nei Zort vu Juegd
Et sollt ee sech um Juegdmodell, deen am NRW ëmgesat gouf, orientéieren, sou d’Vertrieder vun der ASBL. Virgeschriwwen Ofschosszuele géif et do keng. Geschoss géif allgemeng zwar nach ëmmer net genuch, mee ëmmerhin e gutt Stéck méi, wéi zu Lëtzebuerg, sou de Frank Christian Heute, dee seng Conclusiounen en Donneschdeg den Owend op Invitatioun vun der ASBL Lëtzebuerger Privatbësch, zu Lëntgen presentéiert.

Rendez-vous ass de 27. Mäerz um 18:00 Auer am Festsall “A Mouschelt“.

Invité vun der Redaktioun (21. Mäerz) - Patrick Losch: Mir brauchen eng Reform vun der Juegd, fir eise Bësch z’erneieren

Back to Top
CIM LOGO