E Samschdeg waren de Jani Thiltges, d'Magaly Teixeira an de Guy Daleiden an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Am Studio waren d'Schauspillerin Magaly Teixeira, de Filmproduzent Jani Thiltges an den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden. Donieft goufen Deeler aus engem Interview mam Carlo Thiel agespillt, deen d'Techniker aus dem Filmsecteur vertrëtt.
De Filmsecteur wier net an enger struktureller Kris, awer et wieren Erausfuerderungen do. Dat sot den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden am RTL Background. Dat gesäit och de Produzent Jani Thilges esou - et wier virun allem eng Fro vu Suen. D'Schauspillerin a Vertriederin vun der Acteursassociatioun Magaly Teixeira sot, et wier haut manner Aarbecht fir d'Schauspillerinnen a Schauspiller do, wéi virun 10 Joer. Lëtzebuerg wier ganz ofhängeg vu Koproduktiounen, an den Nopeschlänner wieren awer d'Budgete gekierzt ginn.
"Mathematesch gesinn, wann eis Nopeschlänner manner Budget fir hir Filmer hunn, bedeit dat och, dass da manner Volumen un Jobs fir eis sinn zu Lëtzebuerg, well dann automatesch vläicht manner Projete gemaach ginn, oder vill méi kleng Projete gemaach ginn."
Zu Lëtzebuerg géing et och un enger Kultur vu Castingdirektere feelen, esou d'Magaly Teixeira, wouduerch d'Acteuren d'Produzenten net géinge kenneléieren a méi schwéier un Aarbecht géinge kommen. Och mat der Intermittance wier et fir d'Acteure schwéier, iwwert d'Ronnen ze kommen. Anescht wéi d'Techniker, déi och manner Aarbecht hunn, géingen d'Schauspillerinnen a Schauspiller net am CDD agestallt ginn a kéinte sech net syndikaliséieren.
De Guy Daleiden huet ënnerstrach, datt d'Lëtzebuerger Filmindustrie komplett vun der Finanzéierung vum Staat ofhänkt. De Budget vum Filmfong wier zwar ëm 10 Prozent an d'Luucht gaangen. Dat géing awer net duergoen, fir de Secteur um Liewen ze halen. Et wier haut méi deier Filmer ze maachen, wéi nach virun der Covidkris. D'Suen, déi ee kéint kréien, wieren awer d'selwecht bliwwen. Et wier een am Austausch mam Secteur, fir Léisungen ze sichen.
"Mir sinn elo no un enger Conclusioun, wou mer da soen, mir probéiere méi Sue pro Projet ze ginn. Mir ginn am Moment, leie mer bei dräi Milliounen, hu mer gesot, wa mer do méi ginn, loosse mer soen, 15 Prozent oder 10, 15 Prozent à voir. An och bei enger minoritärer Produktioun kann ee méi ginn. Da kann een natierlech och verlaangen a kucken, dass ee méi Techniker, méi Schauspiller a méi Servicer zu Lëtzebuerg kann dovu profitéiere loossen."
Dat géing awer och mat sech bréngen, datt manner Projete kéinten ënnerstëtzt ginn. De Produzent Jani Thiltges huet esou en neie System begréisst, awer och fir zousätzlech staatlech Ënnerstëtzung a Form vu steierlechen Avantage plädéiert.
"De Problem, deen ech haut gesinn, oder dee mir haut gesinn, an dofir hu mer scho virun de Wale mat de Parteie geschwat, well mir gesinn dat do jo schonn e bësse méi laang, datt do e Problem ass, a mir schwätze jo och mat deene Leit, mir sinn e klengt Land, mir kennen eis jo alleguerten, ass, datt mir dat éischt Land waren, wat eng ekonomesch Hëllef hat, dat hu mer deemools Taxshelter genannt. Voilà, an am Moment si mer héchstwarscheinlech dat eenzegt Land nach an der Communauté européenne, wat keng ekonomesch Hëllef méi huet. Dat ass dach ongleeflech."
Et hätt näischt kënne gemaach ginn, fir de Filmstudio "Filmland" ze retten. Et wier ee souwuel mam Filmfong, wéi mam Kulturministère a Kontakt getrueden, fir no Léisungen ze sichen, esou de Jani Thiltges. Seng Produktiounsfirma Samsa war Locataire beim Filmland. Et hätt een awer als Äntwert kritt, dass näischt méiglech wier.
"All Filmstudio an Europa, sief et an Däitschland, sief et a Frankräich, kréie ganz staark regional Hëllefen, well et ass immens schwiereg, erëm eng Kéier wéinst der Versatilitéit, well en heiansdo sechs Méint kee Film huet, an dann erëm eng Kéier e Film huet, fir datt d'Studioe kënnen iwwerliewen. Mer hunn also elo en Outil, dee mer haten, dee mer elo net méi hunn. Dat heescht, ech muss elo erëm zréckgoen, wéi fréier, an Hangare goen an esou weider, an der Hoffnung, datt mer se fannen. Dat ass wierklech keng gutt Nouvelle. Natierlech ass keng gutt Nouvelle, mee wann et net geet, da geet et net."
Den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden huet dorop verwisen, dass d'EU-Kommissioun de Kader géing setzen, an dowéinst weder de Filmfong nach de Ministère hätt kënnen asprangen.
"An dësem Fall, eng Privatinitiativ mat ëffentleche Gelder ënnerstëtzen, dat war net méiglech. Wat ee ka fir d'Zukunft maachen, ech mengen do soll ee sech weider op der Initiativ vum Minister mat him diskutéieren, fir ze kucke wéi kënne mer do gemeinsam vläicht eng Kéier en anerer Form vun Invest fannen, fir de Lëtzebuerger Secteur ze stabiliséieren, well ech mengen et ass vu Benefice fir d'Produktioun zu Lëtzebuerg, awer och fir eis auslännesch Partner, wann ee sou Studioen hätt."
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.