CyclocrossLex Reichling dominéiert Course zu Munneref

RTL Lëtzebuerg
De Coureur aus dem Préizerdaul ka sech géint säi gréisste Konkurrent Scott Thiltges behaapten, deen op déi 2. Plaz fiert a Leader am General bleift.
Lex Reichling gewënnt de Cyclocross zu Munneref
Op en Neits sollt et zum Showdown tëscht dem Scott Thiltges an dem Lex Reichling kommen, déi d’Course dominéiert hunn.

Virun der Course waren de Scott Thiltges, dee bis elo 4 Victoirë feiere konnt, an de Lex Reichling, sengersäits mat 3 Victoiren, déi 2 grouss Favoritten op d’Victoire zu Munneref.

Bei den Hären huet sech 3 Woche virum Championnat de Lex Reichling seng 4. Victoire an dëser Saison konnte sécheren. Hie setzt sech no enger iwwerzeegender Leeschtung souverän virum Scott Thiltges an dem Fransous Victor Thomas duerch. De Scott Thiltges bleift duerch seng 2. Plaz Leader am Skoda Cross Cup.

De Lex Reichling fiert iwwerdeems en Donneschdeg eng Weltcup-Manche zu Zolder an der Belsch als Virbereedung op déi nächst Cyclocrossen.

Bei de Junioren huet de Léo Kraemer d’Course iwwer 11 km gewonnen. Op d’Plazen 2 an 3 sinn den Geoffrey Rausch an de Jo Schmitz gefuer.

Bei de Masters war déi éischt Plaz fir de Raphael Pierron virum Tom Flammang, deen elo neien Leader am General ass.

PDF: D'Resultater vum Cyclocross zu Munneref 2019

Back to Top
CIM LOGO