
Eng Entmuechtung vum Chef vum Weltfuttballverband wier "e schreckleche Feeler", esou den Trump. Den Infantino wier "fantastesch" an hätt "déi erfollegräichst Weltmeeschterschaft vun allen Zäite" geleet. Den Donald Trump an den Gianni Infantino, dee wéinst enger Investisseur-Affär massiv ënner Drock geroden ass, gëllen als enk Vertraut.
"D'FIFA géif e risege Feeler maachen, wa se och nëmme consideréiere géifen, de President Gianni Infantino aus iergendengem Grond auszetauschen", esou den US-President. "Wann hie fort ass, wäert et ni méi esou erfollegräich oder profitabel sinn!"
Den Gianni Infantino steet zanter sengem Plang, Undeeler vun der Futtball-WM an aneren Turnéieren un Investisseuren ze verkafen, ënner groussem Drock. Zwar huet hie rezent seng Pläng en Vue vu massive Protester aus der Futtballswelt fale gelooss, mee trotzdeem huet déi europäesch Fuittballassociatioun UEFA dem FIFA-Chef offiziell d'Vertrauen entzunn.
E Méindeg hunn d'Daachverbänn aus Europa, Nord- a Mëttelamerika wéi och Asien den Drock nach emol erhéicht. De Futtball géing "kengem Eenzele" gehéieren, esou d'Presidente vun der UEFA, CONCACAF an ACF an engem oppene Bréif un "d'Futtballfamill". Och wann den Infantino hei net mam Numm genannt gouf, ass kloer, u wien d'Reprochen adresséiert waren.
Den Donald Trump an den Gianni Infantino stelle sech ëmmer nees als enk Vertrauter duer. Am Dezember hat de Schwäizer FIFA-Generalsekretär dem US-President en extra fir hie kreéierte FIFA-Friddenspräis iwwerreecht. Wärend der Futtball-WM koum et dunn zum Skandal, wéi d'FIFA no engem Telefonsappell vum Trump beim Infantino eng Spär fir den US-Stiermer Folarin Balogun opgehuewen hat. D'FIFA hat spéider erkläert, d'Decisioun hätt näischt mam Donald Trump ze di gehat.